Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Wat ass de Sënn vu Photogen
Photogen ass e Site dee gemaach ass fir Leit déi d'Fotografie als Hobby un, déi och drunn interesséiert sinn sech mat Hëllef vu Kommentarer an Kritiken vun anere Leit weider ze entwéckelen.

Tipps ronderëm konstruktiv Kritiken, kann een an dëser Diskussioun noliesen: Konstruktiv Kritiken am Forum
Wéi et ugefaang huet
D'Idee fier Photogen.lu ass am Mäerz 2005 entstaan geweecht. Am Juni ass d'Entwécklung ugaang, Design an Programméirung, an no 3 Méint konnt den Site dun online goën. Gegrënnt ginn ass Photogen.lu vum Lydie, Yannick (yoshi) an Johny. Zënter September 2005 gëtt Photogen.lu emmer méi grouss, en onerwaartenen Succés ass doräuser ginn. Dat ass och de Grond wisou Photogen.lu emmer weiderentwéckelt gëtt, an emmer nei Funktiounen bäikommen an Firschléi vu User ugeholl a réaliséiert ginn.
Geschicht

2014

  • Januar - Mäerz: Concours mat BGL BNP Paribas, Vernissage an der Agence Europe

2013

  • E puer Workshops si während dem ganze Joer organiséiert ginn
  • Oktober: De Worldwide Photowalk ass vun eis organiséiert ginn
  • August: De Studio ass erëm fräi fir ze lounen
  • Abrëll/Mee: D'Fotoen vum Salon National 2012 goufen eng zweete Kéier projezéiert vum Haaptsponsor BGL BNP Paribas
  • Februar: Aus dem Phototalk gëtt de Photowalk, fir méi Fotoen zesummen ze maachen

2012

  • November: Projektioun vum Salon National 2012 zu Jonglënster am Centre Culturel
  • Oktober: Deadline fir de Salon National 2012
  • September: De Sall ass endlech fäerdeg an erëm prett fir ageriicht ze ginn
  • August: Konditiounen an Bedingungen fir all Websäite vu Photogen ginn online
  • Mäerz: Offiziell ass Photogen elo de gréisste Fotoclub am Grand-Duché
  • Mäerz: Photogen huet sech als bereet erkläert den Salon National 2012 ze organiséieren

2011

  • August: Mir iwwerhuelen de Site photoshoot.lu
  • Mee: An der City Concorde gi Fotoen vun eise Memberen ausgestallt, dës Ausstellung huet grousse Succès

2010

  • September: Mir feieren an eisem nach méi neie Sall eise 5. Gebuertsdag
  • Juli: Mir organiséieren erëm den Worldwide Photowalk hei zu Lëtzebuerg
  • Februar: Mir starten déi éischt Workshops, déi direkt all voll besat sinn
  • Januar: Live-Interview op RTL Radio vum Johny Goerend iwwer Photogen
  • Januar: Mir erëffnen eise Studio am Centre Culturel zu Jonglënster

2009

  • Juli: Mir organiséieren den Worldwide Photowalk hei zu Lëtzebuerg
  • Abrëll: E groussen Update kënnt online, wou vill Verbesserungen an Virschléi vun User dra gefloss sinn
  • Februar: D'FLPA hëllt eis direkt definitiv als Fotoclub op

2008

  • Oktober: D'Leit kënne sech umellen als Clubmember
  • August: Mir ginn eng a.s.b.l. als Fotoclub, als Zousaz zum Site.
  • Juni: Zesumme mat 45plus organiséiere mir de Concours "D'Verbindung tëschent de Generatiounen"
  • 11. Mäerz: Mir erreechen eng Millioun Total Visits, 17'000 Fotoen, 93'000 Kommentarer an 1500 ugemellte Leit
  • Januar: Aus technesche Grënn war de Site eng Woch laang offline

2007

  • Meetings si regelméisseg ginn
  • T-Shirten si gedréckt ginn, ongeféier 50 Stéck gi verkaf

2006

  • Total Fotoen: 8'000, Total Kommentarer: 23'000, Visiteuren pro Dag: 1000
  • September: Mir hun den éischte Staumeeting
  • Juli: Déi éischt Ideeën fir T-Shirte si gesammelt ginn
  • Juni: Mir kréien en eegene Logo
  • Abrëll: Den éischte Concours geet online
  • Januar: Planet RTL mécht e Reportage iwwer Photogen

2005

  • Enn Oktober: 4000 Visiteuren erreecht, 800 Fotoen an 2000 Kommentarer
  • 19. September: Photogen.lu geet online

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 230 Gäscht online