Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
shingo

Derbäi säit dem 08.12.2009
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
  • Läschte Login: 03.01.2022 - 17:55
Technësch gesinn ...
Duergerneen gewielte Fotoen
Keng Foto eropgelueden
OK-Photography 24.12.2009 - 15:14
Hm, mengn hues dech joh schons gudd agelieft...deng Gallerie leisst sech op allefall weisen! bigsmile
mee dann trotzdem mol: am Numm fun der Community, herlech Welkomm hai um Site!wönschen nach fill Spaas beim kuken an schmaachen! closed_eye

an een schéinen Kreschtdaach natierlech! smile
shingo 24.12.2009 - 18:14
Jo, Merci!
war just een bësschen erstaunt (enttäuscht) well méing "Brong" Fotoen nëtt ungeholl sinn ginn... sie waren nëtt einfach geknippst.....

Schéin Feierdeeg
OK-Photography 24.12.2009 - 19:13
hun zwar keng Ahung wei dei ausgesin hun mee - huel daat sportlech!ech kruut geschter nach eng refüseiert!! ;D
einfac mat eppes anrem probeiren oder sech dMotiv na enka anecht fierkneppen closed_eye
Shantideva 06.04.2010 - 13:31
Salut,

Ech wollt dir heimat eng Kéier allgemeng zu dengen Fotoen felicitéieren. Ech war och schon e puer mol an Indien (Ladakh, Sikkim, Bihar, Himachal Pradech, Westbengal an Nepal) an fueren och desst Joer nach eng Kéier dohin. Wann ech bis dohin erem "existéieren". Si fannen mech neierdings net méi an der Datenbank vum Centre Informatique wou ech méin Pass verlängeren wollt lossen. Mais daat ass eng aaner Geschicht.
Op jidde Fall gin deng Fotoen mir all Kéiers erem loscht dohin ze fueren an elo, nodems ech een Joer ausgeloss hun geht et am November erem op den Tour. Ech freen mech op all Foto aus denger Sammlung obwuel ech eigentlech ze selten dobei kommentéieren.

Gréiss,

Jean-Claude
shingo 06.04.2010 - 21:37
Villmools Merci Jean-Claude,
jo ech ginn och ëmmer nach ungezunn, an dofir fueren ech nächsten Sonndeg fir 3 Wochen an den Mustang (Nepal) smile), an hoffen vill flott Sujet'en fir nei Fotoen ze fannen.
Hun iwerens och een ganzen "Reportage" vum Zanskar deen ech ab und zu mol weisen.

Ob ech déi nei Fotoen nach hei weisen, sinn ech mir de Moment am gaangen ze iwerleen, well de Weekend ass erëmm eng Foto vun den "Administrateuren" nëtt ungeholl ginn.
An dat mat "egal waat fir engem Grond" ech hätt mir keng Gedanken gemaat!!
Ett ass nëtt dèi Eischt, ass am Prinzip och nëtt schlëmm (ech iwerliéwen ëtt) mee ech fannen nëtt dass déi "Leit" sollen d'Fotoen jugéieren, mee d'Memberen vun dësem Site!
Zwou vun dënn Fotoen haaten se, dann no e puer Mailen awer drop gesaat, an ëtt sinn der zwou vun deenen meescht kommentéierten.
Ech mengen Du kenns déi Equipe jo e bësschen, oder, waat ass dann déing Meenung?
Gréiss
René
PS: (den Andy huet iwerens eng Zéit bei mir geschafft, ass zwar een Strätonguepchen hir...)
Shantideva 06.04.2010 - 23:32
Jo, den Andy huet mir vun dir erzielt... smile
Majo, ech kann leider och net beurdeelen waat hei ugeholl get, an waat net. Daat Problem ass sou aal wéi desen Site an ech sin selwer der Meenung dass et extrem schwéier ass mat sou engem System ze schaffen. D'Adminen hun jo irgendwéi keen Privatliewen méi. Si mussen emmer alles (oder baal alles) kontrolléieren. Et sin schon, zenter dass ech hei sin, sou vill aaner Alternativen proposéiert gin, an awer ass neischt dobei eraus komm.

Waat ass eng gudd Foto? Genau do fängt d'Problem un!!! Du weis eis hei Momenter aus dem Liewen vun Leit déi aussergewéinlech sin. Fir mech, deen och schon e bessi op denen Platzen ennerwee war, sin deng Portraien von engem herrleschen kulturellen Wert. Fir eng Persoun déi net do war ass daat vieleicht neischt besonneges. Awer, wann een eng Kéier zu Pashupatinath war, an e puer flott Fotoen konnt matbrengen, dann ass daat een Höhepunkt. Fir Leit déi nach net do waren, sin sou Fotoen vieleicht "net optimal cadréiert". Awer déi Leit wessen net wéi eng Ustrengung et kascht huet fir déi Foto kennen an dierfen ze machen. Heinsdo ass eng Foto mat engem "banalen" Cadrage an denen Länner sou vill Ustrengung wert wéi hei 10 Stonnen virun der Philha ze setzen an domat d'Foto vun der Woch ze erzielen... (sou GROTESK wéi daat klengen kann, awer daat ass jo och mat Ustrengung verbonnen). Et ass alles sou relativ an d'Aschätzungsverméigen ass och just op d'eegen Erfahrung beschränkt.
Keep up that work an weider sou mat denen flotten Fotoen.
Shantideva 07.04.2010 - 08:04
...iwerhaapt...: Wéi flitts du dann elo an den Nepal? Ech wollt d'lescht Joer dohin awer et ass keen direkt Fluch méi aus Europa dohin geflun. Just iwert Delhi oder d'Emiraten. Austrian Airlines war jo mol ein Zeit dohin geflun.
shingo 07.04.2010 - 09:14
also dëss Kéier (an schon eng Kéier) virdrun, hun ech bei Terres d'Aventures gebucht.
Well an esou oofgeleehen Ecker wéi den Mustang an den Zanskar ass ëtt besser am Groupe ze gohen. An mat den Franzousen huet daat bis elo gut geklappt an ass och nëtt "iwer organiséiert". Ett kënnt een och méi einfach op verschiddenen Plaazen hin.
Mir fléihen dëss mat Air Quatar von Paréis aus.
Mee wanns de nëmmen z.b. op Kathmandu wëlls fléihen ass d'Lufthansa mengen ech fir "eis" daat gënstegt.
Mee anscheinend soll och Nepal-Airlines vun dësem Joer un vun Frankfurt aus féihen.
Jiddefalls musste fir den Flug ëmmer fréih unsinn!!
hei fënnst de will Info'en > www.trekkingforum.com
Shantideva 07.04.2010 - 09:32
Ganz interessant! Merci fir d'Informatiounen. Ech gin daat elo mol kucken.
Kwitchibo 02.06.2010 - 00:38
Phototalk
De Mëttwoch as wéi gewinnt de Phototalk. Bréngt masseg Foto'e mat an Diskussiouns-Stoff. Mäer wärten och nachengkéier e puer Foto'e verschaffen. Natiirlech as de PhotoTalk och genau dat richtegt vir Froen ze stellen zur Photografie an Photo-Material. D.h. bréngt roueg Material mat wat der net 100% am Grëff hut, well et sin emmer Leit do déi hëllefe kënnen!

Bis e Mëttwoch closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 360 Gäscht online