Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ocean View

 
Ocean View
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.05.2010
  • Gekuckt:
    148698
  • Favoriten:
    14 (Wen?)
  • Kommentarer:
    70
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    238 KB
  • Originaldatum:
    2010:05:21 18:17:30
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45688]
Kommentar vum Fotograf:
http://gloda.net/20100522-bermuda

Ech hu misse waarden bis di aner Visiteuren fort waaren, an dunn d'Bänk +/- riicht setzen. Et as en Aquaium ouni Daach drop.
deBaemm 25.05.2010 - 09:58
smile
-Kiischti- 25.05.2010 - 10:15
an die next Foto vun da woch =p
McQueen 25.05.2010 - 10:44
Mein eischten Gedanken.....
arwa 26.05.2010 - 07:08
mein och smile
-Kiischti- 31.05.2010 - 00:32
Gewonnen, Gewonnen smile
Haat et dach gesoot =p
marischen 25.05.2010 - 10:22
Einfach aussergewéinlech (gutt)
gtaddei1 25.05.2010 - 10:35
Ganz gudd... an herrlesch verschafft
svenia 25.05.2010 - 10:48
genial..
lux-weimaraner 25.05.2010 - 11:01
Super scheint Bild...
dentom 25.05.2010 - 11:27
Excellent.
ludiol 25.05.2010 - 11:33
Mir gefällt d'Veraarbechtung immens gudd, an awer och de Sujet ass flott präsentéiert
m-otiv 25.05.2010 - 14:07
wierklech flott foto gloda
McQueen 25.05.2010 - 15:13
Hhhhmmmmm et huet een d'gefill an der 2. Reih ze setzen....Genial
dr_kim_veis 25.05.2010 - 22:13
excelent!
Locke 25.05.2010 - 22:16
Top!!
nebu 25.05.2010 - 23:08
man man man .... et as nach een weiten wee fir mech... alleguer aus der serie gefaellen mir gudd... ech kennt dei stonnen lang kucken an ech kann mech nemmen unschleiseen ... GENIAL (ech benotze nie capslock, ok et get ausnahmen) ...
gloda 27.05.2010 - 02:21
Freet mech dass der de Rescht vun der Serie gefällt.
Gaga 26.05.2010 - 01:43
Super Gloda,
stark Foto !

!Dës Foto ass net méi am System!
arwa 26.05.2010 - 07:07
ganz grousse Kino - Respekt !!
Conner 26.05.2010 - 22:07
Eng super Foto.
JADE 26.05.2010 - 22:47
pffffffffffffffffff ... j'en ai marre ... unhappy
déi eng wunnen am Minett, an déi aaner ...


(toptop ... ass jo schon net méi spannend fir d'Wochefoto ... tongue ...)
gloda 27.05.2010 - 02:20
Wat huet dat domat ze din dass ech am Minett wunnen?
JADE 27.05.2010 - 03:12
neen, ech hun mech gemengt, ech wunnen do ... smile ... an aanerer an Bermuda oder seet een op Bermuda oder an den Bermudas

ech wollt einfach nemmen "hmmmpfffff ... waat géing ech gaeren do wunnen" soen
JADE 27.05.2010 - 03:12
"doppel"(?)
arwa 27.05.2010 - 06:14
wien am Minett wunnt
as sëlwer schold tongue
*béckenafort*
gloda 27.05.2010 - 09:21
Lo huel dech an Uecht, soss kommen d'Jade an ech bis erop smile
arwa 27.05.2010 - 09:34
ma dir traut iech nët tongue
Johny 30.05.2010 - 17:10
*klugscheissmodus*: Käerjéng läit net am Minett. Lëtzebuergesch Geographie ass awer guer net sou komplizéiert tongue
Shantideva 30.05.2010 - 17:13
...ech wollt et net soen... elo hues du et gesoot... closed_eye Et kraatzt awer e bessi um Minette an den Béier hun se jo mol mam Battin aus dem Minette iwerholl... closed_eye
arwa 30.05.2010 - 17:35
alles ënner Walfer as souweisou schon -Afri..., néen, ëch soën
ët leiwer nët smile
Shantideva 30.05.2010 - 17:39
...jo an dann e bessi méi déif am Süden kennt dann de Minett... Lëtzebuerg ass awer grouss wann een sou kuckt... bigsmile
m-otiv 31.05.2010 - 00:16
Wor a freiden an engem meeting zu breissel...an do hun ech gesooot: oui un fois, au sud du pays..." dorops hin hun 20 leit mech gekuckt:...comment, ça a un sud, le Luxembourg?"

Gratuleieren fir den trophee
dentom 30.05.2010 - 17:40
Stemmt arwa, an iwwert Walfer ass d'Welt mat Brieder zoukgeneeltbigsmile.
Shantideva 30.05.2010 - 17:44
Boah! Gin et do dann Strossen? Ech muss mol eng Kéier een Tracking an deen kaalen liewensfeindlechen Norden do machen goen.
arwa 30.05.2010 - 18:27
@ dentom

stëmmt, mais dei méescht wëssen awer nët, fou wei enger Seit dat d'Néel ageklappt goufen ! *bätsch*
gloda 30.05.2010 - 17:52
Jo, Kapellen. Ech hat d'Jade jo falsch verstanen a wollt d'Saach net nach méi komplizéiert maachen.
TomEwert 30.05.2010 - 12:30
wow!*applaus*
Babalux 30.05.2010 - 14:24
schein Foto mee fannen du gess domadder deenen aaneren keng Chance mol engkeier als Foto vun der Woch gewielt ze gin, an domadder demoraliseierste dei secher!

Just meng Meenung
arwa 30.05.2010 - 14:28
kuhl Umierkong

wei wann den @gloda e Profi wier an alles besser kënt

jidferéen soll sëch seng éege Ménong zu déem Bild maachen,
mir perseinlëch gefällt et immmmmens gudd
an trotzdem hun ëch en aanert gewielt

meng 5 Sous dozou !
Shantideva 30.05.2010 - 14:54
Ech schléissen mech dir un. Souwiesou get d'Foto vun der Woch hei um Site zu sou enger Helleger Kouh gemeet wéi et an der Zeit mat den Top Fotoen war. Secher sin hei um Site nach aaner Leit déi frou wieren hier Foto als Foto vun der Woch ze gesin. Awer et dierf een net vergiessen dass daat just gudd fir d'Ego ass an engem soss iwerhaapt neischt brengt ausser Stolz, an daat ass net gesond.
Ech wees nach, wou ech all meng Fotoen hei geläscht hun, dass mir d'Läschen vun den Wochenfotoen am schwéiertsten gefall ass, an do hun ech mech gefroot wéi weit ech eigentlech gefall sin fir dass et mir wéih deet wann ech aus den Top-Lëschten hei um Site eraus sin. Et soll bei der Photographie net emmer wéi zu Francorchamps zou goen. Mir sollen Konscht machen, an daat ass Affaire de Gout.
Waat ech bedauern ass dass een hei um Site net kann selwer seng Foto fir d'Auswahl virschloen, wéi daat op denen meschten aaneren Siten ass wou et em Wettrennen geht. Mein Virschlaag wier dass een, sou wéi bei den Bewertungen, och d'Wahl fir an Wochenfoto kann ausschalten. Et ass jo net den Gloda den seng Foto virgeschloen huet, an ech sin et och net den meng Foto firgeschloen huet, an awer sin mir an der Oofstemmung ennert all denen Aaneren déi och hier Foto net virgeschloen hun.
Johny 30.05.2010 - 15:12
Dat mam selwechten Auswielen fir d' Wochewiel ass mer scho mei laang am Kapp, mee de System sollt souwisou nach bëssen emgeännert ginn an duerch eppes anescht kompletéiert ginn, dofir wollt ech net nach kleng technesch Ännerungen do virdrun dru firhuelen. Vum Prinzip hier kann ech iech zwee (shanti & arwa) awer just vollkomme Recht ginn. Allgemeng gëtt zevill vergiess dass mer all den Hobby hei aus Spaß maachen an vill ze vill Leit gesinn do iergendwéi iergendwou Konkurenz dran, wat komplett falsch op der Plaz ass.
Metalbambi 30.05.2010 - 16:03
Dan daerfen mer och keng konstruktiv Kritiken mei gin, well doduerch jo vleit nach een besser get wei mier... devil

Wei gesoot, d'ass alles nemmen en Hobby, deen Spaass soll maachen. D'geet sws net em eng gellen Kou, an och wann een hai vleicht eng Wochenfoto kritt, sin awer nach emmer souvill dausenden aner Fotografen dei besser sin, aslo waat soll et. Theoretesch verglaichen mer Fotoen vun 2500 Lait, praktesch von vleit 100 Fotografen. Dat ass sou en klengen Deel vun der weltwäiter Fotocommunity, dat et an Zaiten vun der Globaliseirung net derRedewert ass.
Vier daat ganz lo mol e bessen zougespetzt ze gesin..., geif mech awer freen eng Keier ze gewannen! tongue
ekimlux 30.05.2010 - 17:07
(geläscht)
Kwitchibo 31.05.2010 - 01:29
flott ze liesen ! fannen ech immens interssantsmile
eng Wochenfoto as schon flott ze hun mee wirklech net alles !
Spass ze hun wann een Foto mescht an verschafft as mei wichteg !

Arwa Johny Shanti ech fannen dir hut alles gesot!

greetz
gloda 30.05.2010 - 18:12
An anere Wieder, ech soll keng Fotoen eroplueden? Oder wéi?
Metalbambi 30.05.2010 - 18:19
Genau, du hues et verstaan! An läsch all deng al Fotoen hai ob PG och, daat och keen eng Keier duech Zoufall geseit wei gudd se sin! devil
arwa 30.05.2010 - 18:26
an iwwerhaapt

fodd lo >smile

sou kënt jo jidferéen hei kommen
(woubei mer rëm beim Ufank ukommen smile . . )
Shantideva 31.05.2010 - 06:50
Also, Bob, du bass awer och eng Katastroph wéi se am Buch steht. Et get een menschlecht Grondrecht, daat sech d'Meenungsfreiheet nennt. Den Babalux war hei sou éierlech seng Meenung öffentlech ze soen. Mir hun him (enner aanerem och du) gesoot waat mir dovun haalen, an domat misst et gudd sin. Wann mir elo och nach op déi Leit klappen gin déi net eiser Meenung sin, dann seet härno keen méi seng Meenung, an mir gin hei eng kleng Diktatur. Net béiss huelen... du kenns mech jo... awer du bass einfach eng stepplech Katastroph... bigsmile

@Gloda: Du wees jo waat ech vun der Foto haalen. Et war mein Fav an se ass wuelverdingt gewielt gin. Gratulatioun!
Metalbambi 31.05.2010 - 15:03
Wous de Rescht hues... Probeiren mech ze besseren. smile
lux-weimaraner 31.05.2010 - 00:27
Mach weider sou! Den Neid ass naischt scheines closed_eye
JADE 31.05.2010 - 00:58
genau, Gloda! ...
dofir lueden ech jo och keng méi erop ... tongue bigsmile
arwa 31.05.2010 - 08:16
déen as gudd, saugudd souguer closed_eye smile
Shantideva 05.06.2010 - 23:07
...ab elo nr. 2 obwuel fir mech nr. 1 (ouni Zweifel)... an dann nach... ass alles sou eppes vun Nonsense (les goûts et les couleurs ne se discutent pas, an awer gin hei d'Fotoen an Top Ten Lëschten gesaat, dofir läschen ech emmer erem alles)... Et wier flott wann's du um Da Vinci dobäi gewiescht wiers... hätt mech gefreed... well et eng Beräicherung vum Projet gewiescht wier...
Johny 06.06.2010 - 02:07
Hehe, genee dat sollt nach verschwannen ... also "Top Ten Lëschten" closed_eye
Shantideva 06.06.2010 - 08:38
Ah, ech denken, ech verstinn sou lues wat's du wëlles hues. closed_eye Du hues jo mol gesot dass du d'Wochenfotoen ausbauen wëlls, an wann dann d'Top Ten Lëschten verschwannen... Et wier méi flott wann een fir sech selwer seng Fotoen no Favoriten, Hits an Kommentaren sortéieren kéint, fir sech eng perséinlech Idee ze maachen iwwert déi Fotoen déi am beschten ukomm sinn. Awer och do gesinn ech dass den Ënnerscheet zwëschen 3 Siten wou ech Fotoen eroplueden heiansdo ganz grouss ass. Awer sou global Lëschten ob "onbegrenzten" Zäit sinn net sou logesch. Fotoen déi schon laang um Site sinn, sinn jo definitiv an deenen mëscht gekuckten ganz uewen. Do mëscht eng Galerie mat den "Wochenhighlights" fir mech schon méi Sënn an et steet sech näischt an Konkurrenz bis op een Dag, wou d'Ofstëmmung ass.
Boah! Wat schreiwen ech awer Fehler. Meng lenks Maustast notzt schon of duerch dat vill verbesseren. smile
gloda 06.06.2010 - 03:25
Euh... pardon mee dat kënnt mer grad fir wéi wann ech en Stéck vun der Diskussioun verpasst hätt. (Kann awer och dru leien dass et halwer 3 moies as.) Wat as dat mat denen Zuelen?
Shantideva 06.06.2010 - 08:19
Nee, Gloda, ech hunn einfach matzen an enger Diskussioun ugefangen déi schon e bëssi méi laang an mengem Kapp ronderëm geeschtert. Gëschter Owend hunn ech meng Trap erëm geläscht an dohier bass du elo mat dëser Foto op zweeter Platz bei deenen beléifstenen Fotoen. Logesch ass et net well jo deng Foto offensichtlech méi beléift war wéi meng Trap. Dohier schwätzen ech vun Nonsense. smile
gloda 06.06.2010 - 11:13
Ah ok lo weess ech nees wou mer drun sinn smile
Babalux 31.05.2010 - 00:12
an et gouf bestätegt waat ech gesoot hun
Kleent 31.05.2010 - 00:26
Du bass jo verréckt!

Wahnsinn!
Sirius 31.05.2010 - 11:06
Super Bild, dofir haat ech och dofir gestemmt.

An lued weider Fotoen rob......bitte...... egal waan anner Leit vlait jalous gin.

Ech hun mech hei um Site just ugemellt net fir eng Keier Wochenfoto ze gewannen me fir zu mengen bescheidenen Fotoen konstruktiv Kritik ze krein.

Sin iwert all Kommentar frou, och waan een seed waat net guud ass an waat een anneschters keint maan an dodurch ech eppes beileiren.
Mika 23.06.2010 - 22:22
Ech hunn di Foto hei scho méi ewéi eng Kéier gekuckt, di Fäerwen sinn einfach Wahnsinn, d'Foto huet sou eppes berouegendes, natierleches, obwuel een wees, dass et een Aquarium ass an deemno nitt natierlech closed_eye An si ass einfach perfekt ausbeliicht. Ech géif di héiten gäer emol "out of the box" gesinn, wann daat méiglech ass smile
gloda 24.06.2010 - 00:08
D'Original mengs de?
Mika 24.06.2010 - 17:37
Genau closed_eye
Mika 23.07.2010 - 18:24
?
gloda 23.07.2010 - 20:53
Ups, dat hat ech vergiess cool
Hei ass den Link: http://cl.ly/1641c5d9f7f4a673e018
Mika 26.07.2010 - 23:27
Haat ech mir scho geduecht, kee Probleem. Soen Merci, d'Foto ass vun den Fäerwen hier am Original schon ganz ok, mee du hues nach vill rausgeholl kritt, kann di Foto emmer rem gäeren kucken!
endorphine 30.09.2010 - 00:03
wei schein
carmelinchen 04.08.2012 - 19:44
wonnerschéin smile
orlok 04.08.2012 - 20:05
Super!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 281 Gäscht online