Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mat Schwong..

 
Mat Schwong..
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2020
  • Gekuckt:
    40161
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1 sec
  • Blend:
    f 11
  • Brennwäit:
    45 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    - 1 EV
  • Gréisst:
    1400x841
  • Späicherplaz:
    1348 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=90836]
Kommentar vum Fotograf:
..a mat vill Gedäisch an d’Déift !
Ieweschten Engstligenfall am Berner Oberland
Paul-H 29.09.2020 - 17:39
Herrlech. D'Faarwen am ieweschten rietsen Drëttel gin dem Bild nach en zousätzlechen Charme.
An wann een drop klickt, héiert een et baal dauschen!
gemu 01.10.2020 - 12:34
Net nëmme bal, ech héieren et dauschen
Paul-H 01.10.2020 - 14:17
smile
marker 02.10.2020 - 20:06
Merci Paul, däi Kommentar freet mech ze liesen.
Nicon07 29.09.2020 - 18:58
Eng Landschaft wéi ee Filmdecor! An di LBZ ass hei ee Must! Mais besonnesch gudd gefällt mir rechts am Bild dee "Pan de lumière jaune" (fir déi, di irgendwann eng Kéier dem Proust séng "A la recherche du Temps perdu" gesträift hun - ech soen net gelies, well och ech et schon x Mol ugefaangen hun, awer nach ni bis zum "Temps retrouvé" komm sin...) - wësse, wat ech mengen... Fir di aaner: Am Deelroman "La Prisonnière" erzielt de Proust den Doud vum Moler Bergotte, dee beim Ubléck vun engem giele Stéck Mauer oder Daach, wat de Vermeer a séngem berühmte Bild "Gezicht op Delft" gemolt huet an domadder eng fantastesch Illustratioun vun der Luucht geschafen huet, schwaach fällt a stierft. Sou wäit gi mir lo hei net, awer ech wëll mat deem Verglach einfach soen, datt di Flaatsche Luucht um Mooss an hannen um rechtse Waasserfall dem Bild hei dee perfekte Relief gin. Vun der Diagonalitéit an der Regel vum Gëllene Schnëtt guer net ze schwätzen, déi hei neess richteg gudd applizéiert sin.
marker 02.10.2020 - 20:13
Merci Nico fir deng intressant Bildanalys wou mir vill Freed bereet huet, an dat d'Bild dech usprecht ass logescherweis och a mengem Sënn.
Nicon07 05.10.2020 - 21:52
A wéi scho sou dack: Gratulatioune fir d'Wochefoto!

marker 07.10.2020 - 09:17
Merci villmols Nico
gemu 01.10.2020 - 12:35
Grandios, wonnerbaren zweegleisege Bildopbau, de Wee vun uewe riets an d'Waasser vu mett lenks erof begleed mat enger fantastescher Liichtstemung
marker 02.10.2020 - 21:05
Jo, d'Liicht war intressant an ech hat Chance. Wéinst dem renge Waasserniewel war alles innerhalb vu Sekonnen plätschnaass, an esou hat ech d'Kamera permanent am Rucksaak, hu se eréischt am leschte Moment ausgepaakt an esou och leider e puer gutt Geléenheeten verpasst.
Merci Georges fir deng Appreciatioun, an et freet mech natierlech och dat d'Bild dir gefällt.
Paul-H 05.10.2020 - 00:00
Gratuléieren zur WF!
marker 05.10.2020 - 11:35
Merci villmols Paul
rosch-m 05.10.2020 - 09:07
Gratuléieren zur WF!
marker 05.10.2020 - 11:36
Merci villmols rosch-m
gtaddei1 27.11.2020 - 11:58
herrlech teinungen ... et fehklt awer e ebssi un direktioun
marker 28.11.2020 - 11:45
Merci gesot.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 319 Gäscht online