Schwaarz-Wäiss maat Faarw-highlight | |
Deenen meeschten wärt ech héi näischt néies erzielen, mee et kommen jo och nach emmer néier derbäi, déi et nacht nët wossten ;-) Lénks den Original an Riets waat derbäi eraus kommen kann: Wichteg ze soen ass, ech hun héi just d'Händschong erausgeschafft, et hätt en och Aaen, daat rout an der Mutz ... erausschaffen kënnen. Daat as jidderengem iwerloos. Waat brauch ech? 1. eng faarweg Foto 2. Photoshop oder Paintshop 3. e bessi Gedold An esou geht et: VERSIOUN 1 1. ech maachen méng Foto am Photoshop (folgend erklärung ass fir dessen) op 2. ech ginn an den Menu SELECT an wielen SELECT ALL aus 3. am Menu IMAGE, dann MODE wielen ech GRAYSCALE aus besser Methode fir eng S/W Konversioun Tutorial N/B de Pinocchio 4. dess schwaaz-wäiss Foto kopeieren ech elo mat CTRL + C 5. no der Kopie maachen ech den GRAYSCALE rëckgängech mat UNDO 6. elo gët iwert déi faarweg, déi SW Foto geluecht, waat einfach mat CTRL + V geht. Héi entsteht elo en néien LAYER mat der SW Foto. Dessen muss fir folgend Schrëtter och aktiv sinn. 7. no all dessen Schrëtter kanns du endlech kreativ ginn. Du hues e puer Tools fir d'Faar erauszeschaffen. a. an deems du en ERASER TOOL (Gummi) hëlls an einfach iwert dei plaatz fiers déis du gären faarweg häss. b. MAGIC WAND TOOL, LASSO TOOL oder MARQUEE TOOL kanns du Beräicher auswielen an einfach dono op der Tastatur DELETE (DEL) klicken an schons sinn dess Plaatzen faarweg. Mat es bessi Übung geht et dann richteg schnell ... Ech hoffen et daat héi ass irgendwéi verständlech, wann nët schréiwt einfach an ech verbesseren. VERSIOUN 2 Den Groussen Firdeel vun desser Approche, ass dass kéng Informatiounen geläscht gin! 1. ech maachen méng faarweg Foto am Photoshop op 2. S/W Foto generéieren Tutorial N/B de Pinocchio[/b] 3. Kopéieren elo déi S/W Foto op déi faarweg an en néien Layer 4. Markéieren den néien Layer als 'aktiv' an klicken op den Button ADD LAYER MASK. Sou sollt den Konstrukt vun den Layers dann ausgesinn: 5. Elo kann ech (op dem MASK LAYER) mat allen erdenklechen PS Tools déi Fläschen SCHWAARZ anfierwen, wou d'Faar duerch kommen soll. Ass mer en Fehler ennerlaaft, sou kann ech mat WAISS erëm reckgängech maachen. Ech kann och all erdenklech GROO Téin benotzen, fir méi oder manner duerchblëtzten ze loosen. Sou ech hoffen mir sin der Wourecht en Stëck méi no komm. |