Photogen elo offiziell eng a.s.b.l !
(19.09.2008 - 09:40)
No laangem Hin an Hier an Onkloërheeten, ass et endlech vollbruecht. Photogen ass firun e puer Wochen als a.s.b.l. ugemellt ginn, an matt der Publikatioun vun eise Statuten am Mémorial C si mer dann elo offiziell firum Gesetz eng a.s.b.l., wat eis och erméiglegt affiliéierte Fotoclub bei der FLPA (http://www.flpa.lu) ze ginn.
Bis dir ierch kënnt als Member vum Club umellen, mussen nach puer Saache matt der Fédératioun geklärt ginn, am Moment waarde mer do nach op e puer Äntwerten. Wann dat bis gemaach ass, kann ee sech online als Member umellen. Firdeeler op der Websäit selwer kritt een doduerch net, mee awer typesch Fotoclub-Méiglegkeeten, wéi z.B. de Gebräuch vun eisem fonkelneie Studio dee mir och an denen nächste Wochen wärten ariichten! Oder interessant Workshops iwwert d'Fotografie selwer oder d'Fotobearbechtung um Computer bidden mer dann regelméisseg un.
Hei nach den aktuelle Comité matt den Chargen vun den Leit:
- Johny - President
- Focus - Vize-President
- Lydie - Trésorière
- Yoshi - Sekretär
- Kwitchibo (keng rechtlech Charge mee Event-Manager)
- MarcGerard (keng rechtlech Charge mee Event-Manager)
Hoffentlech bis geschwënn an eiser Clubmember-lëscht dann.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
kola
19.09.2008 - 10:14
Photogen ass elo offiziell eng a.s.b.l.
... an huet haut och nach Gebuertsdaag (3 Joer )

gloda
19.09.2008 - 10:16
Johny
19.09.2008 - 11:04
Vun de Kommentarer hier kënnt et mer grad fier wéiwann ech lo réischt d'News geschriwwen hätt dass mer online gaang wiren ... cool
Focus
23.09.2008 - 11:03
Johny
19.09.2008 - 14:22
Deng "" kanns de wechloosse beim Smiley, se ginn och ouni déi
Du däerfs! All déi déi net däerfen, däerfen net well se sws schonn am Comité sinn
Dobäi fällt mer grad an, kéint nach derbäi schreiwen wen wéieng charge huet.
//EDIT: Done

Nicon07
19.09.2008 - 14:34
Majo dann: Happy birthday photogen! An bonne route photogen asbl! Mat deem Comité do dierft dat dach exzellent rullen. Ech freeë méch. An dofir lueden ech dann och mol neess eng Foto rop!
BlackPanther
19.09.2008 - 15:40
hoihoi!! *Schampesopmecht*
mert..drenkn joh keen...anybody want some?
sen joh mol gudd News! an mat där Zesummensetzung...hui...wärten joh soumunch EVENT -gemanagt- gin! :p
prost!

Jeanny
19.09.2008 - 16:55
ech huelen un dass dât eng gudd Saach ass, muss gestoen, kenne net esou vill )) ginn awer Member wann der mech huelt.
Johny
19.09.2008 - 16:58
Ma wann lo nach déi saache geklärt si matt der Fédératioun, si mer offiziell e Fotoclub, kënnen de Memberen doduerch och méi bidden well mer kënnen Suen kréien fir Memberskaarten asw... Fir dat wirklech rechtlech richteg ze maachen, muss een eng asbl sinn.
ApplEric
19.09.2008 - 17:15
Weini a wou ass d'Generalversammlung? Sen op de Champes aus…
Majo dann kann et jo lo hei lassgoen…
Iwwerhaapt, wien hudd den President gewielt? :-P (just joking)

Neckel
19.09.2008 - 18:23
Sen dobai ... wärt io dann den greissten PC am Land gin, also vun den aktiven Memberen hier
gloda
19.09.2008 - 21:31
Kommen mir dann och an d'Zeitung wéi al aner Jickeclub wann mer eis Generalversammlung hun?
BlackPanther
20.09.2008 - 00:20
harhar an den ESSENTIEL, well dach stark hoffen, packen ma et na, nee? p
Polinger
19.09.2008 - 22:44
Yuuuuchuuuu! dorop waarden ec hsäit geraumer zäit! ;P Meeeega härzlechen Gléckwonsch an nach vill erfolleg mat eis ;P ps: Ech well member gin!
wave
20.09.2008 - 06:41
Heppi Börsdéi PG
Workshops?!?!?!?!? cool da léieren ech och mol vlait Fotoen maachen!

PanTau
20.09.2008 - 13:55
excellente idée si j'ai bien compris le message,
n'étant pas de la région, ce dynamisme ne sera pas pour moi, mais je resterai fidèle au site

Rolacro
21.09.2008 - 15:38
Dat ass GENIAL! Wierklech eng gudd idee! Vlait fennt jo dann nach eng entwecklung vun PG statt... Op jiddefalls dauert di "entreprise" jo dann nach en bessen
Gratuleieren!
Gratuleieren!
BlackPanther
30.09.2008 - 22:07
dudelduuh......wou sen ma drun mam Pabeirkroom an sou?
geschitt neemlech iergendswei schons eng zektschen nees niks...
Gut Ding will Weile haben soen se awa emma.....

30.09.2008 - 22:11
Spuerkees Pabeierkrom eben ...
Ech si matt de Statuten dohi gaang, hun dun en Blat mattkritt wou ech jidfereen hu mussen drop schreiwen den Accés op de Compte bräuch, an vun denen huet och jidferee mussen ënnerschreiwen. De Yannick war awer dun nach net am Land, an e Freiden hu mer dat mol gemaach dun, an gëscht sinn ech zréckgaang domat. Lo muss dat ganzt just nach vun engem Comité an der Stad accordéiert ginn, well dat an den Deel fällt vun Sociétés. De gudden Häer matt dem ech ze dinn haat rifft mer awer un soubal dat gemaach ass, an dann däerf ech iwwerall déi läscht Kreepecher maache goën, an dann misst de Compte geschwenn aktiv sinn.

30.09.2008 - 22:14
oukaiiii
haat schons ee moment gefaart et giff mam saatz -an lo as dSpuerkees och bankrott- ophaalen....
gudd ze wessen awa!
hoffen ma also dass deen guddenhär genuch Kaffi kritt an sain Telefon an nekster Zukunft ennert all dem Pabeierkroom remfent!!
THANKS4fast update!