Thema: Reprise Material |
|
Leider keng Ahnung, mee géif mech awer och mol interesséieren!
|
|
Thema: Ringlight |
|
Salut,
ech well mer vir Chrëschtdag en Ringlight zouleeën (loossen). Allerdéngs hunn ech net wierklech Ahnung vun sou Geschir well ech eigentlech just mat available Light schaffen. Dofir wollt ech mol hei froen ob een mer do puer Rotschléi mat ob den Wee kéint ginn.
U sech wëll ech een klengen Ringlight vir ob d'Kamera (also keng grouss Studio-Luucht). Dat ech dofir ob den Duerchmiesser oppassen muss, dat en och ob meng Objektiver passt sinn ech schonn selwer drop komm. Ech hätt prinzipiell léiwer een mat LED'en an en sollt d'Méiglechkeet hunn vir d'Säiten onofhängeg un- an auszeschalten. Wat gëtt et nach sou wou een drop oppassen sollt an wat hutt dier bis elo vir Erfahrungen gemaach?
Merci!
Bob
|
|
Thema: Backup Fotoen |
|
Verstinn deng Fro net ganz... Norton mëscht keng 1:1 Kopie wou's de normal dran browsen kanns, mee eng Art Database déi just iwwer Norton zougänglech ass. Meng Fotoen sinn thematesch sortéiert, ähnlech wéi hei an eiser Galerie.
|
|
Thema: Backup Fotoen |
|
Ech hunn en System mat 2 externen Festplacken (WD MyBook 3 TB & 4 TB). Meng rezentsten Fotoen hunn ech um Laptop ob der interner Festplack, déi ginn - inkl. dem Lr-Catalog - regelméisseg ob eng extern gebackupped (mat Norton). Ob däerselwechter Festplack hunn ech och all mäin méi alt Geschir, wat dann nach eng Kéier ob déi 3t gebackupped gëtt. Sou hunn ech am Endeffekt alles eng Kéier op enger Festplack am Original an op enger anerer als Backup, wann eng den Geescht ob gëtt hunn ech also näischt verluer. Wann ech mäin ganzen Schreifdësch mat dem Laptop an den zwou Festplacken ëmgehaien dann sinn ech gevullt...
|
|
Thema: Rummen am Lightroom 6 |
|
Lightroom ass net vir soueppes geduecht. Dat ass den Domaine vum Ps. Lightroom ass geduecht vir Fotoen ze 'entwéckelen', d.h. just Faarf- an Hellegkeetsupassungen (mat Ausnahm vum Spot-Removal, ouni deen et awer einfach onkomplett wier). Alles wat doriwwer eraus geet an Pixelen verréckelt, wech mécht oder derbäi setz ass vir den Ps.
En plus géif ech der dervun ofroden Rummen fest an deng Fotoen ze setzen, well se je no Hannergrond virun deem d'Foto gekuckt gëtt einfach keen Sënn maachen. Vir eng Foto awer ob enger spezifescher Plaz ze weisen, bei eis hei zB, mécht et awer effektiv heiansdo Sënn.
Ceci dit... et gëtt definitiv keen offiziellen internen Tool, mee Nik an Co. sinn genau do vir dann ze hëllefen.
|
|
Thema: Lightroom oder Camera RAW ? |
|
Wat och en groussen Pluspunkt vum Lr géigeniwwer vum Camera Raw ass, ass d'Méiglechkeet vill Biller mateneen ze entwéckelen. Wanns de 300 Fotoen an den selwechten Conditiounen opgeholl hues, zB e Sportsevent oder en Dag ob der Plage, kanns de einfach eng verschafen an mat all den aneren Fotoen synchroniséieren. Dann muss de do héchstens nach 2-3 minimal Upassungen maachen, wann iwwerhaapt, an du hues den ganzen Butték fäerdeg vir als JPG (oder soss eppes) ze exportéieren. Do kanns de ëm dann nach soen wéi grouss d'Fichieren sollen sinn, wéi se heeschen, wat vir een Profil, Waasserzeechen,... an du hues an 1-2h Aarbecht d'Fotoen fäerdeg vir un aner Leit weider ze leeden.
Dat ass menger Meenung no den gréissten Notzen vum Lr. Mat ACR muss de do all Foto separat obmaachen, verschaffen an nees späicheren.
Kann dat lo net mam DPP vergläichen well ech eng Sony hunn, dat muss de dann lo selwer ausprobéieren. Wanns de wëlls kanns de dat dann och nach hei bäifügen, dann kennen déi nächst mat der selwechter Fro och dervun profitéieren.
Hoffen konnt nach en bëssen weiderhëllefen.
|
|
Thema: Photoshop CC |
|
Salut,
mier hunn vir Ufank-Mëtt Dezember schonn sou en Workshop geplangt. Méi fréi geet leider net well ech mech do nach ob d'Uni konzentréieren muss an keng Zäit hunn vir dat uerdentlech vir ze bereeden.
Also bëssen Gedold nach...
|
|
Thema: Objektiv stellt net schäerf |
|
Salut dier léif Leit,
mäin Tokina 11-16 f/2.8 motzt säit 2-3 Méint un menger Sony A700 an keen weess wisou.
D'Objektiv stellt net méi schäerf, an zwar an deem Sënn dat d'ganz Optik sech guer net méi aus dem Nahberäich raus ze beweegen schéngt, obwuel den Fokusrank mat geet an ob der Skala och alles richteg ugewisen gëtt. Manuell ass och näicht ze maachen, egal wou ech 'schäerf' stellen ass nëmmen dat am Fokus wat 30 cm vun der Kamera fort ass, méi wäit kommen ech net.
Well all meng aner Objektiver super schäerf stellen war ech mam Geschier beim Fachhändler hei an Oochen, deen dat ganzt och bei Tokina (bzw. den Vertragsreperateur) geschéckt huet. Déi hunn vir 223€ futtis Schrauwen, ugerassen Kontaktbännecher etc. fonnt, mee d'Objektiv well awer nach ëmmer net schäerf stellen.
Blöderweis schéngt just d'Kombi aus menger A700 an dem Tokina net ze funktionéieren, d'Kamera fokusséiert mat aner Objektiver an d'Objektiv mat aner Body'en. Reset vun der Kamera huet och näicht bruecht, also schéngt et och keen Objektivprofil ze sinn (wéisst och net dat d'A700 dat schonn kann).
Wéi gesot, vu mier, iwwer den Händler bis an den Reperaturservice versteet keen d'Welt méi an mier ass nach ëmmer net gehollef. Huet vun iech vläicht een schonn sou eng gehat oder eng Iddi wat do nach kéint am Clinch sinn?
Bescht Gréiss,
Bob
|
|
Thema: Wäitwénkel léinen! |
|
Merci, mee hunn den Shooting lo souwisou schonn ëm geplangt, sou dat et och ouni geet.
|
|
Thema: Wäitwénkel léinen! |
|
Salut,
ech bräicht en Wäitwénkel vir meng Sony (A-Mount) geléint vir en Freiden an en Samschden Owend, mäin ass leider an der Reperatur. Huet een soueppes dat en en Weekend net brauch? Sollt sou am Beräich vun maximum 18mm an f/2.8 sinn.
mat beschten Gréiss,
Bob
|
|
Thema: Fotografentreffen |
|
Auf jeden Fall, das ist leider in den letzten Jahren etwas kurz gekommen seit PG so groß geworden ist. Vorher haben die User regelmäßig Meetings organisiert und nicht drauf gewartet, dass von offizieller Seite was kommt. Also, wie Oli schon erwähnt hat mit nach Clervaux kommen und einfach selbst was organisieren.
Am besten schreibst du kurz was hier ins Forum bevor du 'n Meeting online setzt, damit du 'n bisschen checken kannst ob überhaupt wer Zeit hat.
Bis zum 29ten!
|
|
Thema: Photoshop (CS6) Cours'en |
|
Wéini steet nach net fest, sinn am Moment nach amgaang eng aner Aktivitéit ze plangen. Mee den WS ass dat nächst op menger To-Do-Lëscht.
Dat ganzt wäert awer wéi bal all eis Aktivitéiten am Studio/Clubsall zu Jonglënster oflafen.
|
|
Thema: Objektiv Rabellt, futti? normal villeicht? |
|
Ech géif trotzdem awer mol eng Kéier probéieren ob et och rabbelt wann et un der Kamera hänkt an Stroum huet... DANN kriss de nämlech sécher keng schäerf Fotoen méi! ^^
|
|
Thema: People Workshop - Feedback |
|
Salut dir Knipserten,
mier hunn lo d'läscht Joer 2 Workshopen iwwer People-Photography gemaach an et géif mech mol interesséieren op dat sou an däer Form eppes bréngt. Vu que dat ech net vill Feedback kritt hunn an leider och wéineg Fotoen vun den Participanten hei um Site gesinn hunn froen ech lo mol einfach eng Kéier no. Schreift also mol einfach äer Meenung an evtl. Kritiken/Verbesserungsvirschléi hei eran.
Ofgesinn dovunner géif ech iech gäer erënneren dat et net vill bréngt just op den Workshop ze kommen an dann keen Suivi ze erlaben. An engem Dag gëtt keen zum Meeschter, dofir wier et cool wann een ab und zu mol en Portrait o.Ä. vun iech géif gesinn deen dann och kritiséiert kéint ginn. Sou kéint dier déi Saachen déi der geléiert hutt verdéiwen an mier kéinten an Zukunft och méi spezifesch an ugepassten Workshoper organiséieren. Ofgesinn ass et ëmmer gutt Fotoen ze weisen.
Also lass, zielt eis eppes oder, nach besser, weist eis eppes!!!
bäschten Gréiss,
Bob
|
|
Thema: check this out. |
|
E puer cool Iddien vir mat einfachen Mëttel flott Effekter an seng Biller ze kréien. Huet een schonn oft héieren an awer vergësst een et ëmmer rëm:
photography hacks
|
|
|