Thema: Workshop Concertsphotographie |
Dan
Antworten: |
30 |
Hits: |
65.639 |
|
|
Wat eng super Idee! Respekt!
Wann ech nëmmen Zäit gehat hätt, hätt ech mech och ugemellt!
Ech wënschen der vill Succès mat der éischter Editioun vun dengem WS!
|
|
Thema: Canon 7D oder Canon 5D Mark2 |
Dan
Antworten: |
45 |
Hits: |
94.448 |
|
|
Gutt Décisioun!
Ech schaffen schon eng Zäitchen mat der 5DMKII a sinn och enorm zefridden domat!
A wou een dé héich ISO Werter bräuch ass et wéi den arwa seet bei Concerten zum Beispill onvermeidbar! Ech hun bei den Concerten am Atelier zum Beispill standardméisseg 1600ISO ageschalt!
|
|
Thema: mam Heli iwwert NY |
Dan
Antworten: |
5 |
Hits: |
30.974 |
|
|
Salut Steve,
Merci fir deng Äntwert!
Ech wollt eigenlech keng "speziell" Fotoen machen, einfach e puer gutt Fotoen vun uewen...
Et sollt awer schon am Dag sinn an ech hu gekuckt en Donneschden soll d'Wieder och ganz ok sinn!
Also an deem Fall éischter am spéiden Nomëtten? Mir wollten och schon vu Lëtzebuerg äus reservéiren...
|
|
Thema: mam Heli iwwert NY |
Dan
Antworten: |
5 |
Hits: |
30.974 |
|
|
Salut alleguer,
Ech sinn d'nächst Woch e puer Deeg zu New York an do ass och en Helikopterflug geplangt.
Kënnt dir mir soen wat dir mengt, wat déi beschten Zäit fir e Flug ass fir Fotoen ze machen d.h. wéini am Dag wier d'Luucht ärerMeenung no am beschten fir Fotoen ze machen?
Merci
Dan
|
|
Thema: Aperture:Rumm an Numm |
Dan
Antworten: |
0 |
Hits: |
21.412 |
|
|
Ass et méiglech am Aperture eng dënn Rumm ronderem eng Foto ze setzen an en Numm als Coyright ze setzen?
Sou am genre wéi een am, Photoshop eng Actioun huet.
|
|
Thema: Tips an Material fir e Concert...waat brauch ech |
Dan
Antworten: |
25 |
Hits: |
69.806 |
|
|
@m-otiv: Natierlech bass du och hei deen deen den Tri vun de Fotoe mécht!
Wann's du nëmmen déi Fotoen weis zu deenen's du stees gesinn sie jo logescherweis keng aner, a kënnen keng gutt fannen déi's du net wëlls eräusginn
1. Mee ass dat bei Desdemonia? Ganz vläicht sin ech och bei Babyoil an Desdemonia, da kéinte mer e bëssen schnëssen!
Freet mech dass mäi Site der gefält!
|
|
Thema: Tips an Material fir e Concert...waat brauch ech |
Dan
Antworten: |
25 |
Hits: |
69.806 |
|
|
Salut,
Ech kann dem gloda an alle Punkten hei nëmmen zoustëmmen!
Hei zesummefaassend meng Päfferkären:
- fir deng Backstage Fotoen: iwwerlee der schon am Virfeld e puer Ideeën déi's du wëlls realiséiren an huel eventuell néideg Accessoiren mat (Blëtz, Reflektor, asw. hei net vergiessen)
- déi dech donkel un a beweeg dech sou dass de sou mann wéi méiglech gesinn gëss, also sou mann wéi méiglech stéiers; an dat souwuel am Bezug zu der Band (och wann's de se gutt kenns) an zum Publikum déi fir d'Band do sinn!
- wann's du dech muss op der Bühn bewegen da béck dech
- mat engem Tripod fänks de absolut näischt unn op engem Concert!
- och e Monopod bräuchs de äus deene Gënn wu de dloda an den arwa schon sooten, net!
- Pano géif ech sinn loossen, konzentréier dech op d'Action an déi stark Momenter vun engem Concert!
- looss och de Blëtz doheem!
- huel déi Objektiver mat déi am liichststärksten sinn
- fir Fotoen selwer ze machen schrauw den ISO sou wäit erop wéi et fir däin Apparat geet an mach d'Blend op sou wäit et geet
- haal net dauernd de Fotoapparat virun deng Aen, beobacht d'Geschéien op der Bühn an am Publikum, oft widderhuelen d'Museker verschidden Gesten a wann's de gutt kucks kënnt och ëmmer nees eng Widderhulung am Beliichtungsschema vum Luchentechniker
-50mm géif ech awer op alle Fall mathuelen, do kënns de no genuach erun ouni awer ze stéiren!
- Ourestëpp sin absolute Must!
Wéi e Concert ass dat dann, wann ech froen därf?
@gloda: Merci fir d'Pub. fir mäi Site
- probéier stark/emotional Momenter ze erwëschen, dat gi stëmmungsvoll Fotoen!
|
|
Thema: Fotoen am Zäitraffer |
Dan
Antworten: |
12 |
Hits: |
38.774 |
|
|
Ok déi Argumenter liichte mer an!
Op meng Späicherkaart passen d'Fotoen, dohier kee Problem mat der Plaatz.
Am Noutfall kann ech d'Kaart och wiesselen!
Mam der Software hunn ech eventuell an dësem Fall e Problem, well ech mam Laptop einfach manner flexibel sinn wat d'Plazéiren vum "Geschier" ugeet...
An ech denken déi Art vu Fotoen muss ech dëst Joer e puer mol méi oft maachen well den Atelier säi 15ten Gebuertsdag feiert...
|
|
Thema: Fotoen am Zäitraffer |
Dan
Antworten: |
12 |
Hits: |
38.774 |
|
|
Merci fir är Tipps.
Huet eng Software dann iergendwellech Virdeeler vis-à -vis engem Intervalläusléiser wéi z.B. deen, deen ech genannt hunn?
|
|
Thema: Fotoen am Zäitraffer |
Dan
Antworten: |
12 |
Hits: |
38.774 |
|
|
Ech denken ech hunn eng Léisung fonnt, well Canon déi Funktioun bei hiren DSRL effektiv net huet.
Hei ass wat ech mir elo bestallt hunn a probéieren wäert:
Kaiser Kabel-Fernauslöser mit Intervallsteuerung Twin1 ISR iC
Ech hunn deen Tipp och an enger Zeitung fonnt, an do krut déi Léisung ganz gutt Kritiken... mol kucken wéi et an der Praxis ausgesäit.
Merci awer op alle Fall mol fir är Äntwerten!
|
|
Thema: Fotoen am Zäitraffer |
Dan
Antworten: |
12 |
Hits: |
38.774 |
|
|
Salut,
Folgendes:
Ech géif gär iwwert e puer Stonnen ewech Fotoen all sou an souvill Sekonnen maachen (ass do Zäitraffer de richtegen Äusdrock?) fir den Opbau vun enger Concertsbühn an de Publikum deen an de Sall kënnt ze machen.
Ech schaffen mat enger Canon 5D MKII
Kann ee mer soen waat do déi eleganst an effektivst Léisung ass wann ech déi Fotoen net wëll manuell machen?
Merci alt schon am Viräus...
Dan
|
|
Thema: Pixel blénken |
Dan
Antworten: |
8 |
Hits: |
32.959 |
|
|
D'Pixelen déi geblénkt hunn waren souwuel an der Quantitéit wéi och op der Platz wou se geblénkt hunn ëmmer ënnerschiddlech!
Bei der Foto selwer, wann ech gezoomt hunn, waren se dann awer physikalesch op der selwechter Plaatz.
Ganz sécher hat ech d'Funktioun fir d'Highlights ze markéieren ausgeschalt, an déi gesäit och anescht aus. Do ginn d'Highlights rout markéiert an déi Markéierung ass statesch an net dynamesch!
|
|
Thema: Pixel blénken |
Dan
Antworten: |
8 |
Hits: |
32.959 |
|
|
Ech hunn de Moien de Computer ugemach nodeem's ech en wéi gesoot iwwert eng Woch net äushaat an elo schéngt et besser ze sinn!
Dat heescht bei de Fotoen wou d'Pixelen geblénkt hunn gesinn ech dee Problem lo mol net méi, ech kucken de Mëtten awer nach eng Kéier méi genau!
Da schéngt 1 Woch Dauerbetrieb dem Ecran wierklech zevill ze sinn.
Merci op alle Fall un all déi, déi mer geäntwert hunn!
|
|
Thema: Pixel blénken |
Dan
Antworten: |
8 |
Hits: |
32.959 |
|
|
Ech kucken meng Fotoen am Aperture.
D'Pixelen déi blénken sin op all Foto op enger anerer Platz an se blénken eben wéi wann een eng Luucht géif un an aus maachen... vun der originaler Farw op wäiss!
Hu grad nach en Zeien dobäi geruff dee mir ka bestätegen dass ech net spannen!
Nodeems ech d'Fotoen vun RAW op JPEG exportéiert hunn fir se op mäi Site ze lueden blénkt d'JPEG Versioun net méi, mä d'RAW Versioun ëmmer nach!
Allerdéngs fällt mer grad an dass ech mäi MAC samt Ecran schon eng Woch permanent lafen hunn. Kann et vläicht dorun leien dass dat fir den Ecran ze vill war?
Ech maachen de ganze Buttek den Owend op alle Fall emol äus a kucken op et muer besser ass.
Ech hoffen op alle Fall, well witzeg ass et net!
|
|
|