Bei relativ vill Loft war et net esou einfach d'Positioun ze halen fir op déi 2 Traktoren zesummen ze waarden an dass se einegermoossen symmetresch am Bild sinn.
Schéi graphesch Foto mat richteg guddem Bildopbau. Do froen ech méch, wat do méi schwéier ass: d'Positioun vun de Maschinnen op den Drëttelpunkten an der Diagonal ofzewarden oder d'Drone sou ze steieren, datt se op der perfekter Plaz steet.
Et muss een ofwaarde well d'Traktore fir alles anescht dann awer ze seier sinn, mee dofir muss ee genee wesse wou se dru sinn an aschätzen wuer se hikommen soubal se am bild sinn, fir dann vlaicht just nach ganz bessen mussen ze korigéieren.
Dach ech gesinn d'Bild natierlech live, mee wann d'Traktore fueren, muss de schonn am viraus wëssen wuers de d'Drohn setze muss dass de se allen zwee iwwerhaapt an d'Bild kriss, well se jo dann nach guer net am Ausschnëtt ze gesi sinn. Dat eenzegt wat do geet ass ganz héich fléien, kucke wou se sinn, dann rofgoen, an waarden an hoffen dass d'Drohn beim roffléien net zevill säitlech Beweegunge matgemaach huet. Et muss ee jo bedenken dass déi an der Loft hänkt, a prezis ass do guer näischt