Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Flecken sichen
 
Flecken sichen
Als eicht emol merci dem Marmag dat ech seng Foto kann als Beispillbild huelen, hei den Link op t'Original :
Bloen Dreieck


Des Technik kann een fir vill verschiden Sachen benotzen, et as schweier se konkret op een Thema ze bezeien, ech mengen wann een awer e bessen an der Fotobearbeschtung ënnerwee as, wert een se mei wei eng Keier benotzen kënnen.

Mir all kennen dat, eng Foto gemach, verschaft an op PG gesaat, an no 5 Minuten kennt den eichten Kommentar : du hues Flécken dran, do as nach en Stëpskär oder do gesait een wouss de se zesummegesaat hues bei Collagen.

Den 1. Probleem as schon mol, dat mer alleguer an engem aaneren Raum setzen, mat aanerer Luucht, mat engem aaneren Bildschierm schaffen an nët zu läscht wëll dei eng ganz einfach besser gesin wei dei aaner.

Bein, mat desem klengen Trick kann een sech vis-à-vis vum Bildbetruechter, en Virdeel schaafen.


Als eicht lueden mer mol eis Foto an den PS.

1.



En flotten Highkey. Schéinen weissen Hannergronnd an nëmmen schein hell Tein.
Wierklech ?

Lo kënnt schon den Trick u séch : Mir erstellen en Curves Layer. (siehe nach Bild 1.)

Lo, an dem Curves Layer, drecken mer t'Schwarzwerter mol ganz no riets bei t'Weisswerter, fier en ganz gerengen Lichtspektrum an eiser Foto ze hun.

2.


an kuck do, lo as dat waat fier eis Weiss wor, schon eichter en Mix aus Gro-Moof-Brong. Just daat, waat an der Foto wierklech richteg Weiss wor, bleift nach weiss. Fierwaat ? Nun, mam Curvelayer esou zesummegedréckt, hun mer dem PS gesoot, weiss alles waat manner wei zb 220 Lichtintensiteit as, (0 = Schwarz -255=Weiss) als Schwarz un. Den Bloen Dreieck am Gesiicht as och praktesch ganz Schwarz. t'Haut, dei och baal weiss geschengt huet, as elo Brong, an den Hannergronnd, deen sou schein Weiss wor, as Gro. An tiens, et gesait een dat sech do e gudde Pack Flécken erageschlach haten (keng Angscht Marmag, ech hun dei derbaigesaat fier desen Tutorial)

3.


Lo kennen mer den Layer mat eiser Foto selectionneieren, an schein gemittlech, ouni eis t'Aan futti ze machen botzen.

Dofier benotzen ech normalerweis den Spot Healing Tool oder den Patch Tool fier mei grouss Sachen.





Net vergiessen den Fotoslayer ze selectionneieren !

Kleng Klammer op :
Des Technik kann een elo och zb notzen fier ze maskeieren. Mat ALT+Shift+Ctr+E, machen mer eng komprimeiert Kopie vun all aktivem Layer.
Mam Quick Selection Tool kann een op deser Kopie ganz einfach den Hannergronnd selectionneieren, well en jo deitlech mei Kontrast zum Gesiicht huet wei um Original.


4.


Natierlech kann een dei Selectioun mam Refine Edge nach verbesseren.





Lo, wou mer eng Selectioun op den Hannergronnd hun, selectionneieren mer erem eis original Foto, an kennen do mat 255 Weiss, also absolut Weiss, den Hannergronnd schein verschaffen.

5.


gesait nach emmer komesch aus :

6.


Elo sin mer am Fong färdeg an kënnen eisen Hëllefslayer ausschalten oder läschen :

7.



Op den eichten Bléck kann et sin dat een mol keen Ennerscheet gesait, mais ob allefall kenne mer elo secher sin dat eisen Hannergronnd wierklech richteg Weiss as.

Dest Beispill wor en Highkey, et kann awer och eng Collage mat 2 bloen Himmelen sin. Et kann eng Textur sin. Wei gesoot, bei villen Situatiounen kann et netzlech sin sech esou en Hëllefslayer ze machen. Un ierch et auszeprobeieren.


Merci fier t'Liesen.

Marco aka Gaga
Geschriwwen vum Gaga 25.09.2014, ass säit deem 21091x gekuckt ginn.
Jean-Jos 17.10.2014 - 22:00
Gutt gemacht Gaga!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 310 Gäscht online