Extras: eng Botzfra déi meng Faszinatioun fir hiren Weenchen net verstanen huet an och net gesinn huet wisou ech hier fir hier Parkkënscht gratuléiert hunn....xD
Fir anzesetzen: [pg_img=66704]
Kommentar vum Fotograf:
Sou gesinn am Mathematikum zu Giessen - daat hun ech natierlech missen knipsen!
Super..och dass Farwen am Wenschen remzefannen sinn, ass immens
As ed en Botwenschen dann ? hehe...
Haut ass jo alles Konscht, evenntuell hat jo Dejeinegen sein Wenschen stoen los also vergiess, an haut wes keen mei ob das lo en Konschtwiek ass oder just en Botzwenschen ass. ...an doweinst secher stoen loss hehe
den Weenschen stung kuerz do well dBotzfra riets dervun op den Lift gewuard huet....ech hun direkt geknipst an hier gratuleiert, daat giff wierklech gudd ausgesinn.....doropshin huet si sech entschelegt an huet den Weenschen séier weschgeschleeft......... xD xD
Ech si perséinlech frou eng Foto als Foto vun der Woch ze gesinn wou een d'Foto gesäit, net de Photoshop. Staark gesinn an dann och nach gutt ëmgesat, do bräuch ee kee PS
Merci Johny, freet mech soueppes ze liesen, ech fir main Deel war bessi iwwerrascht iwwert dWochenfoto, et as amfong keng "speziell" foto, an d'Wieler hun zum Deel Tendenzen fir Katzenfotoen sou dass ech schon e bessi iwwerrascht war....
alles original bis op dei iwecht 2cm, do huet eng schlecht Beliichtung vum Plafong mech gezwongen dei Saach selwer an dHand ze huelen (hun den iewechten Bord opgehellt an dFaarw "rausgeholl", as net 100% gelongen, duerno muss ech na enka kuken wann ech loscht hun....)
hehe freet mech dass de se do remfont hues!
se war "main Favorit", haat mer usech fir des eng Mentioun erwaard - an net fir dGare de Liège (dei kaum besser wei Philharmonie as...) - se krut awer emmerhin 32 punkten, meng 2.bescht also
Un eng Top-Foto kann ee sech bei geréngsten 'Ureiz' erënneren.
Déng Foto ass top, wëll de Moien war am Wort een anert Bild vum Piet Mondrian a mir ass direkt däi genialt Bild agefall!
Du muss déi doten op Aludibond oder soss e flotte Support grouss opzéihe loossen an doheem op eng grouss wäiss Mauer hänken, dat gëtt en absoluten Hingucker.
Hei hannendrun e klenge Link op Wikipedia, fir déi, déi den Mondrian nach nët kennen: Pieter Cornelis Mondriaan
Grandios Olli!
Dat ëmgedréinten Faarwespill, de wäissen HG mat genialen Linnen an Formen, passend zu der 'colonne de nettoyage' hiirem Handwierksgeschiir ass eemoleg.