Ma Gilles, ech hun daat dohi geschriwen weinst verschiddene User dei einfach komm sin, Fotoen ropgelueden ouni iergendwou iergend eppes ze schreiwen, an dann hu se och nach net op Kommentarer gäntwert, nemmen ropgelueden. Daat ass natirlehc nët de Sënn, an fier daat bessen ze vermeiden dann daat
Fannen d'Foto natirlech ganz gudd, mee hätt näicht dergeint gehaat wanns de se bessen mei grouss ropgelueden häss. (also fir mech ass se awer et wärt bei den Top Fotoen ze sin.)
Ech haat net fir näischt deemols schon.... an dann och nach en Skorpioun hehe. Mee lo awer hei, fresch an aaanescht. Skurrill an grotesk. Jo, richteg poppeg
Ma mech geckeg... Model mat Discodip!! Einfach genial genial genial genial genial genial genial!! Mei brauch een dozou einfach net ze soen!!
Ausser... wei krus de d'grimmelen drop?? Mat pritt??
Majo schléisse mech deenen aaneren mol un, gin awa enner aanerem och e puer Kritiken oof
D'Foto mecht e bessen en düsteren Androck... ok, lo net falsch verstoen! Nemlech net direkt düster, mee net sou peppeg, hell, a knalleg wéi et méiglech wär! Wees net wéis de dech ugeluet hues mat der Beliichtung, mee d'fehlt ménger meenung no nach bessen Luucht vu fir. Den Hannergrond ass wäiss mee kéint mer virstellen dat et nach besser géif wirrken wanns de e ganz liichten Dégradé drann häss... vun hell op ganz hell. Well en nemlech net schéin Wäiss ass mee äusgefriess... gesäit een beim Aarm an beim Ouerrrank (dowéinst wiirkt de rescht och nach méi däischter). Am Studio hätt een do secher nach vill méi méiglechkeeten waat daat ganzt Geliits ugeet! Wär derwärt et engkéier ze probéiren!
Sou, lo kommen di gudd Punkten D'Déifeschärft ass ganz flott, su kleng wi se gehaal ass. D'Iddi wi ech scho soot och. D' Model souwisou, kann dech nemme beneiden! Ech hu jhust e Brudder deen derbäi o net well geknipst gin...
Nujee, wi schon su oft gesoot, jo... widderhuelen mech oft... d'Foto ass wiirklech gudd, mee Technech (Suwuel Photoshop wi Luuchtméisseg) sin ech der Meenung dat se nach eng ''Grimmelschen'' besser kéint sin
Ech sin eng Null mat Luuchten. Hei war Luucht vun hannen duerch en Rido fir en wäiseen Hannergrond ze hun (ech hun soss keen) an en Spigel vun fier fir nach en bessen ze beliiten, war awer net déck. 't as schon genuch Photoshop dragefloss
Fannen di Foto einfa deck cool, daischteren Ouerrank/Mascara am Contrast zu peppege Kamellen.
Just wat ech iwwerhaapt guer net gudd fannen ass den verweschtenen Kieper.
Deen verschlechtert d'Foto menger Meenung no, well och d'Kenn liit verschwemmt...
Mee dat ass Affaire de Gout.
Den ierweschten Deel ass top An d'Iddi sowisou!
Schein faarwen mat denen " Glacenstreiselsbullendéngensgrimmelen" weiss du sees, an dann mam schwarzen kajal an mat den ouerreng, gesait einfach mega aus!
wei krus du dei bullendenga am Gesiit zum haalen?