Ma eng "hohlkehle" (Deitschisch)
As den Hannergrond, also een duch, waat eben vun uewen no ennen sou hänkt ouni een Eck ze bilden. Normalerweis gett sou eppes emmer an engem Studio benotzt. Bei Wikipedia steet "die ausrundung einer Kante" oder sou...
www.ixus-world.de/workshops/hohlkehle/bild_07.jpg
Kuhl, ajo Abildung ass och eng Bildung Lo net eescht huelen ok, sin haut komesch drop....
Also kuhl Foto, jo wirklech...just bei der een momo, veierter Streiff vun ennen ass sueen klengen Fleck deen dat ganzt bessen steiert... Soss fannen ech se ganz flott )
Geseit fantastisch aus! Impressionant. Ass der gudd gelong. Häss solle soen, dei Idee wirr der spontan komm, net dass de dat firdru scho gesin huss.
Mee awer eng gudd Foto. Wierkt just e besse komesch, well d'glas kee schied hudd. mee duerch den hannergrond matt de linnen ass awer nach eng deift am Bild.
Gudd aarbecht.
merci
majo, mee dat hätt ech jo gelunn ;))
hm dat mam schied as su eng saach .. ech hat en dran mee well ech se o na schwarz weiss gema hun, wor dat su komesch gin duercht Wasser an dun hun ech dat retuschéiert ... mee fannen dass dat guer net su stéiert )
wow, do gëtt ee jo richteg dronken!
an et stécht nawell vill Aarbecht dran, wéi ech liesen a gesin,
d'Glas kippt minimal no rechts, wat durech déi diagonal Linnen e bësse verstäerkt gëtt, mee dat deet der Saach keen Ofbroch: et ass eng super Iddi a si gouf flott ëmgesaat
Déi gefällt mer well:
- ech éischtens mol am Moment total um Streifen-Trip sin
- ech am Moment och total um Schaarz-Wäiss-Trip sin
- et iergentwéi no optescher Täuschung ausgesäit
- ech d'Iddie einfach witzeg fannen, hun bis well nach keng sou Foto gesinn
- ech fannen daat se ganz gudd emgesaat ass, den Hannergrond ass zwar deelweis net ganz propper ausgemolt (eieiei iwwert de Strech gemolt ;)) mee daat fällt awer net sou op
- ech wees dass du nach net sou extrem laang Fotoen mess an déi dooten der richteg gudd gelongen ass
- ...
sou genuch "ech" geschriww, d'Foto ass jiddefalls mega flott!
P.s.: Ech hätt der d'Aarbescht kennen erliischteren, hun eng Posch déi genausou ausgesäit wi dein Hannergrond hei, also schwaarz-wäiss-gestreift, dann häss de dech net sou missen plooen :P
mega gudd daat do ass genial
woubei als klengen tip hmm
du haess einfach kennen am photoshop sou linien machen an dei ausdrecken
daat wir manner arbecht mam benzinsteft gin
also ass eng mei economesch art an weis
joo... as mer och agefall wu ech iwwer de strech gemoolt hatt, do haat'ch am Kapp: merde, um Computer geiff dat mi einfach goen...
mee ech hun dun awer weider gemoolt ))
also ech hun d'idée jo och vun do geholl .. an dofier as et e klengt projekt well :
an ech fanen di foto do net su mega ... well do den ennergrond an alles gespiggelt sin am glas ..an ech fannen dat guer net schéin dofier hun ech mer geduet : dat do man ech vleit besser ...
an ech hu meng foto nawell ziemlech léiwer .. well do keng schietter an spiggelunge sin
mee as jidderengem senges ne hu meng foto jo dofier ropgelued fier das ech anerer hier meenung héiren ...
ApplEric @ 31.07.2006 - 20:17 [Äntwert] Geseit fantastisch aus! Impressionant. Ass der gudd gelong. Häss solle soen, dei Idee wirr der spontan komm, net dass de dat firdru scho gesin huss.
ma dei foto ass mol guer net esou schlecht et sin awer puer saachen wou mer net esou gefahlen an et wier besser wann dei gudd wieren well fier d'topfotoen muss anch e bessen drun gefeilt gin z.b un ehc en klengen schwarzen fleck entdeckt lenks ob der waisser fläch uewen um glaas ass liicht verwescht sou gesaid et mei gemolt aus an net en rischtegt escht glaas an dann ech wees dass du secher net dofier kans mee daat ass am photoshop schnell gemach, am glas selwer dei läscht waiss linn wier besser wann se ganz riischt geif erof laafen an net nach sou en krack schwarz dran gesaid einfach besser aus!
et ass eng wiekelech gudd idée! ganz flott emgesaat just eben dei klengegkeeten!
aaah am glas ohjo, mat dier blöder linn hat ech e klenge problem ... well dei as awer sou gelaaf an dun hun ech mer geduet, .. ech lossn et léiwer sou sin
Ofgesinn vun den puer Faarwkleckser op der "Tapéit" .. .. fannen ech deng Foto besser wéi déi vun deviantart eben wéis du sees well hei keng Schieder sin ... an ech fannen dass, och wann ët keng eegen Kreatioun ass (an daat hues du jo och direkt gesoot), du dech inspiréieren geloos hues an ët versicht hues no dengem POV besser ze machen, an ët ass dir och gelongen, fannen ech emol ....
An éierlech gesoot ... wien inspiréiert sech nët iergendwann an iergendwou un iergendwelch aaner Biller/Idéen? ..... ganz éierlech elo? ....... hm? ......... also! .......
D'Klengtfierkel(chen) huet eben wollten "à l'identique besser machen" .... ët hätt villäicht sollen een aaneren grapheschen Hannergrond huelen, en aaneren Objet aus Glaas an een aaneren Cadrage oder och eng aaner Perspektive ... mee was solls ... ët wor jo een Experiment waat hat wollt machen, an eng Erausfuederung déi hat sech gin huet ... an an deem Sënn ...
mjo, ech hu lo suerwisou nach en 2. experiment am kapp ... an ech hoffen das dat na kee gema huet well opmanst hun ech dat na nie gesin mee et gi millounen fotoen an secherlech huet emmer schon en d'idée fierdrun gehaat... ))