Wann et fir Feltesdaag soll sin kënnt fir mech deen falschen Message eriwwer.
Wann ech mer d'Foto ukucken gesin ech eng Zang an deer een Rank hängt, wei wann d'Zang den Rank weilt duerchpëtzen. Ech wees dass du secherlech eng aaner Approche haas, mee fir mech war dat nunmol mäin éischten Gedanken.
Fototëschnesch gesin, fannen ech d'Réalisatioun vum Sujet gelongen. D'Schärft an d'Déiftenschärft ass flott, den Schied vun den zwee Sujet'en passt och. D'Bild ass haaptsächlech Schwaarz Wäiss, nemmen den Diamant am Rank brengt passend bloo Faarw mat an d'Kompositioun. Faarwleg gesin gefällt et mer also och. Den Kadrage ass och ok. Vläicht hätt et mer nach besser gefall wann den Rank mei ausgelicht wier, also fiir keen Schied giff werfen. Vielleicht kanns de eemol mat zwee Spoten, oder Täschenluuchten probéieren.
Dat mam duerchpezzen han ech gefaart. ... Dat wollt ech an sech net domater aussoen
Merci fir deng unregungen.
Mat den Spotten dat kennt ech mol nach eng keier probeieren. Ech sin och um Punkt mir een Bletz ze kaafen. Wees awer nach net sou richteg wat ech well oder brauch.. et gesait no engem SB-600 aus.
Weigesoot, ech verschtin deng Approche, mee ouni Bildtitel an Kommentar ass d'Gefoor grouß dass een d'Bild esou ophëllt wei ech der dat elo beschriwwen hun.
Den SB 600 ass een gudden Blëtz, geet fir deng D50 deck duer an mengen Aaen. Am Verglach zum SB 800 sin net esou vill Ennerscheeder, also wuel keng dei fir dech elo direkt entscheedend wieren.
ech fannen daat awer grad guud mat der Zang!
well : also eng Bezeihung mus een jo Formen et as net direkt een Perfekten Krees! dofir as daat dach ganz guud ausgewielt!