Mech stéiert deen Effekt hei éischter wéi daat e mer gefällt :/ Waat's de dermat duerstellen wolls verstinn ech, mee ech fannen daat et der hei net wierklech gelongen ass well dee "Zoom-Effekt" (?) éischtens mol ze kenschtlech ausgesäit an et zweetens éischter sou ausgesäit wéi wann den Typ an d'Bild géing faalen, wéi daat en no fiir op een zou kennt. Wier heen méi no, méi grouss am Bild, richteg als Haaptsujet, géing daat ganzt vläit schon e bessen aanescht ausgesin, mee sou gett en zimmlech vu sengem Emfeld erdréckt an an den Hannergrond geschoben.