hmmm... also vun der idee hir ass d' foto lusteg, d' ausfeirung huet an mengen aan awer nach just e puer kleng ännerungen neideg: den hannergrond ass en duch oder waat och emmer an deen ass nawell immens gudd ze gesin ... daat fannen ech net sou flott... dann häss de d' schärft och können wierklech op den I-Pod-Kopfhörer-Stecker maachen an deen bletz oder Spot mat deems de den aapel beliichts ass bessen haart, obwuel ech sou lues fannen, dass deen der photo epps spezielles gett ... loss deen mol sou wei en ass x) soss wei gesoot: wierklech gudd idee, gudd emgesaat
ech fannen d'idée och gudd!! wierklich originell souguer. haat daat doten nach net esou gesin. par contre ass et vun der luuchtemsetzung hiir guer net esou évident. produkt photo sin en schwieregt unterfangen. Virun allen wannste just een bletz hues an dann frontal dropbletzs. dann kriss du déi schlagschatten déi deem ganzen daat plastescht, produkthaft huelen. d'photo gesait no staark verschafft aus...d'saturation ass quasi en besen iversaturéirt, doduerch verléirs du vill détailer am bild. deng koepfhoer kéinten matschaarf sin --> puer blenden ofblenden an daat gesait schons rem vill méi schaarf aus. vielleicht den bletz entfeseelt ausléisen...also net um bletzschong selwer mais vun der rietser seit uween z.b. an dann mat engem weissen geigenstand (styropor geet gudd) lenks dobai haalen fir den schied opzehellen.
an elo en coolen tip fir uebst fir et méi "fresch" ausgein ze lossen. Du waesch en, dreschenst en an dann !! VASELINE !! xDD (dass keen witz) driwer schmiiren an en puer drepsen waaser rem dropmaan. Dann paerelt daat wasser duerch den fettegen ennergronn super schéin an en geseit zum drabeissen aus. just daat giff ech dir dann nemméi empfehlen xD
Allez vill spass beim weiderprobéiren, hoffen konnt en bessen hellefen.
Tom