Bei deser Aarbecht war mein Haaptziel dei vill Staeren iwwer Kos festzehaalen. Froen mech just op et na ze kucken ass oder schon an den Kitsch iwwergeet???
Hun missen d'Steng an der bloer Stonn kurz firdun knippsen well dei Plaatz ass wierklech komplett donkel gin an duerno waarden bis d'Staeren eraus komm sin. Eng Art Duebelbeliichtung mat Zeitversetzung.
Merci Pixelman konnt mer denken daess verschiddener et hei iwwerdriwen fannen mee wollt mol puer Meenungen heieren an dann wees ech daess ech beim nexten Versuch dei Saach mei dezent ungin oder et bei Vollmound probeieren dann brauch ech net eng Photo soulaang viirdrun ze man fir Detailler um Buedem eraus ze kreien.
wei hues de et nemmen hinkritt t'Mellechstrooss esou kloer ze kreien ? daat muss un der Atmosphere leien, hei hun ech daat nach net hinkritt !
Ech wollt elo demnächst eng Startrail-foto eroplueden, hun geduecht, sou epes gouf et hei nach net, an elo daat ! grrrr .... Genial ! TOP !
Also mier haten all Daag sou en doucen Niwwel an daat och Nuets. Dest waar dei eenzeg Nuet wou et bessen besser war an d'Mellechstroos hues de gaaanz dezent schon mam bloussen Aan gesin.
wann ech dei richteg mac addons fannen jo, wann net ereicht iwermuer um bureau kann ech se roplueden !
as awer eng wou fun 23.30 - 5.00 350 Fotoen a 30sec uneneengehaang sin, saou dat een nemmen strecher gesait !
nee am fong net ganz liicht villeicht well et nemmen 24mm war. Also ech war och verwonnert daess et geklappt huet. Zu Kos dreien d'Staeren villecht mei lues. Wees och keng Aentwert mee hun et sou an Erennerung an den Exif seet daat selwecht.
gefällt mer sou saugudd. zumol hannen um horizont déi bierger... (ok, ech bewonneren erem dat onwesentlecht XD)
ech kann der bal net gleewen dass dat do riets esou as
ech hu mer erlabt déng foto engkéier no méngem gout ze filteren. wanns de loscht hues schécken ech der wat ech gemach hun. et sin 2 verschidde vu'en eng foto ze filteren. gesi méng net als besser, mee einfach anecht
Also dei Staeren hun ech wierklech esou fotografeiert eben just mei speit.
Hmmm en GPS-Modul hun ech leider net Kann der dei mat just Staeren jo mol weisen an dann geseis de am exif alles waats de wells gesin.
sträifen zu punkten? et sin éischter déi stäerewollécken déi onnatiirlech wierken. also ech iwwerdreiwen, mee et gesäit aus wéi eng hubble-opnahm déis de an den himmel gepescht hues
Gleef mer wei ech daat um Apparat hat war ech mei wei erstaunt mee et war drop. Heiendso spillt den Kolleg Zoufall eben mat well hun net souvill Ahnung vun Staeren mee se faszineieren mech. Hun och na nie souvill Staeren am Himmel gesin wei deen Daag. Am Fong hat ech jo op eng Schnupp gewaart.
Ech hun et och net gegleeft, mais kuck emol hien hei :
http://www.danheller.com/star-trails.html
Et as erstaunlech, mais bei eis hei kriss de daat net hin, et muss wierklech propper sin, waat iwert dem Mier den Fall as !
Op Flickr gin et och Startrail- oder änlech gruppen wous de fill esou Fotoen gesais, mais dei sin meeschtens an der Wüst gemach, wou et wierklech kloer as !
jo, hien erklärt jo och dat et och drun leit dat eist Aan net esouvill gesait wei den apparat, fun den Farwen hier emol !
Ech hun och gemierkt dat et ganz hellefreich as wierklech tescht Sonnenob- an ennergang ze leien, um 3.00 as et wierklech mei deischter wei um 0.30, och wann mier daat net esou mierken mam Aan !
Ech geif och mengen well Kos wierklech net megavill bewunnt an dei greissten Staat op der aanerer Seit vun der Insel louch.
Also meng Frenndin sot nach hei do ass dei eischt Wollek dei mier hei an der Vakanz gesin an do sot ech nach daat ass keng Wollek daat sin d Staeren an reicht wei ech him et op der D700 gewisen hat huet et gegleewt.
Also iwerhaupt net kitschech ... daat soll en dir no maachen... Mé ech hunn vill grieschech Himmelen gesinn ... ewei dén Dooten nemmen op Fotoshop ... mé ech gléwen dir dass dén réel ass.
Egal wei op Fotocompo op PS oder réel ... et ass aêinfach saugidd ginn !!!
Ech kennen just den grieschechen Himmel vun Kos mei net an Staerenphotoen hun mech emmer interesseiert an wollt et mol hinkreien. Hat mech awer eierlech gesot nie mat Techniken beschäftegt. Wann ech en 12mm 2,8 haett geif et bestemmt na besser gin mee deen ass sou schwengseg deier.
jo keen 12mm mee den 14-24mm gefaellt mer saugudd mee ass deier an et kann een keng filteren drop man. Mol net klemmen grrrrrr. Jo Voigtlander wier ^villeicht eng alternativ. checken mol
mir hunn och kén 14-24 an wann ass dén och scheissesch deier... de Max ass én 14mm 2.8 an den ass 2200 Öroen ... och do keng Filter meigleschkét.
Et kenn én awer én filter beim unschloss maachen... dann ok
Den 14-24 vun Nikon ass awer eng super Lens
Jo ass villeicht Limite mee woust net besser wei ech dei 2 zu verschiddenen Zeiten opgehollen Photoen mateneen ze verbannen well PS ass net grad meng Stärkt.
Daat steiert mech net, et ass just den Himmel mat den Stären an deeër "Stepswollek" wou een kennt mengen daß et PS wär.
Mee wei gesot, et ass nach ob der gudder Sait....
das hätte ich ja fast verpasst. Ich kann mich hier nur allen positiven Kommentaren anschliessen. Einfach klasse...
Ein Fav für mich und meine Stimme fürs WF hast Du auch schon
Merci kruemelatease. Ech staunen eierlech gesot och iwwert dei vill Komments well ech et wierklech net sou krass erwaart hat. Bei aaneren vun mengen Pics hat ech mer mei erwaart an do war tote Hose an genau dofir fannen ech Photogen super well do gett een gewuer op se gudd unkennt oder net.