... villäicht well ët einfach "ohne Worte ..." ass ...
° bei daer 3. ass dir d' "Stëmmung" am beschten gelongen, fannen ech
(SW-Téin, Cadrage)
° bei 1, 4 an 5 ... d'Fotoen un sech sin gutt (fannen ech) awer ouni den Titel vun der Serie nët ze erkennen waat "hannendrun" stëcht (ëm waat ët geet)
idem wei Jade, mat der 3ter kann ech eppes ufänken, dei brauch ausser dem Titel keng weider Erklärung, dat zielt vieleicht och nach fir dei 2te, mee mam Rescht kann ech dann schon naischt mei ufänken, den Titel geet hei net duer fir ze verstoen.....
Ech war virun 3-4 Joer zu Auschwitz , an dengen Fotoen spieren ech rëm déi Bedreckung déi een op sou enger Plaatz empfënnt. Virun allem déi 1 Foto fannen ech ganz gelonge well se net Plakativ ass mä et erfuerdert en bessen Kenntnis dass een erkennt wou déi Foto opgeholl gouf .
Merci Flohzirkus fir dain positiven Kommentar
Jo , ech hätt missten beim Kommentar schreiwen dass`d Foto #1 an engem deemolegen Schloofssall geholl gouf.
Sief mer net béis, mee du erkenns elo selwer wou den Problem ass. Ech als "Aussenstehenden" kann daat net wessen wou dei Foto gehol gin ass....., sorry,