Schued dass nach keen hei eppes sot well ech fannen et grafesch immens interessant, et sinn gutt eraus gesichte Fotoen, gutt mat der Onschäerft gespillt. Et ass zwar lo keng fotografesch Meeschterleeschtung well et kee wow-effekt huet oder ähnlech, awer trotzdem optesch ganz schéin unzekucken.
Schued net unbedengt. Et ass jo mol dann keng absolut Katastroph
Jo photographesch Meeschterleeschtung dierf een nach net vun mir erwaarden. Ech hat leider keng Photo mat engem oder méi schwiewenden Blieder. Dat hätt wahrscheinlech bëssen méi "Pepp" ginn. Ech fannen an sech och dat Biller ganz gutt sinn an dat mat enger PAS Kamera an engem Ufänger als Benotzer.