Kommentar vum Fotograf:
Héi ass eng Serie vun Bierenfoto'en déi ech dest Joer am Canada / USA gemaach hun.
Foto'en 1 an 2 : Grizzly-Bieren déi ech an der Geigend vun Ucluelet / British Columbia - Canada gesin hun (laanscht den Strosserand). 1/2 noom éichten deen zweeten deen aus engem Séi geklomm ass.
Foto 3 : Schwaarzbier deen och laanscht den Strosserand um Icefields Parkway am Jasper national park - Alberta - Canada no Friichten gesicht huet, daat woor déi eenzeg Foto déi ech vun em gemaach kruet ier en erem am Bësch verschwonne woor.
Foto 4 : Braunbier (Mamm) mat engem vun deenen 2 Klengen (Foto 5) déi sie bei sech haat. Och déi konnt ech relativ no laanscht den Strooserand beobachten wéi sie Biiren gefriess hun. Gesin am Glacier national park am Montana - USA.
Hoffen sie gefaalen :-)