Am Lightroom wiergt de s/w schonn een Tick iwwerdriwwen. Gesäit een awer schonn esou op der Foto. D'Woléken sinn no uewen deelweis ausgefriess also keng Zeechnung méi dran. An't Tounwärter sinn am Hannergrond och schonn zimlech zerrass. Et Kriselt schonn hefteg. Wat de Model un gëtt, geet et besser Leit di der kennen hëllefen. Géing awer mol graff soen dass keng Fraa zum Beispill op de Been all di Strukturen well gesinn. Alt erëm gemeckert! Oder, villäicht hëlleft mäin Komentar dir e bëssen?
Okay ech soen dir mol merci vir deng hellef... dass dwoleken no uewen hin ausgefriess sin an dei strukturen um been steieren mech och elo tounwärter sin am hannergronnd zerrass, domadder kann ech leider net vill unfänken
hei ass et mat dem Schwarzen effektiv e beschen ze vill "dës Gudden" (gesäit plaatzenweis souguer aus wéi wanns de Schwarz nogestempelt häss)
... mais ausserdem passt fir mech den "bal Carré" nët zum Motiv an de kéins den Horizont nach liicht ausriichten
.... den Kapp vum flotten Model e beschen no lénks gedréiht (vun him aus gesinn) an de häss e Reflet vun der Sonn an den Brëll kritt - daat hätt daat Ganzt e beschen méi lieweg gemach
.... mat sou engem dramatischem Himmel mengen ech, wär an dësem Fall, en Color warscheinlech och méih interessant gewiescht
- d'Flécken op der Wiss stéiren an sech net - hat éischter déi Plaatzen gemeng wou iwwerhaapt keng Zeechnung/Kontrast méih dran ass (Guitar, BH, Strëmp ...)
- Reflet: ech sinn keen Fan vun Photoshop, mais wann ët gudd gemach ass - firwat nët mol probéiren?
- Quer oder Héich: hänkt dervun of wat's de weisen wölls. an dem hei Fall hätt ech en Landscape gemach weinst dem coolen Himmel - mais am 2/3Format. daat ass awer wéi bei sou Villem ADG
- S/W: do mengen ech wären Portraits/People-Fotoen méih gëeegnet wou den Hannergrond net sou den Bléck op sech zéiht, sierf ët mat engem neutralen Studiohannergrond, Outdoor eng gréisser rouheg Fläch (Mauer z.B.) oder eng Prise mat wéit oppener Blend wou den HG verschwëmmt ....
Ohni dorops anzegoen waat hei eloo vileicht net gut ass, stellen ech emooll fest: et ass e Komposing an zwaar een mat engem Porträt.
Un sech ass daat eent schon komplex genuch,mat Porträt mulziplizéiert daat sech nach.
Ech hun eng Zeit gebraucht bis ech mat Layeren, Masken, Tounverleef, Perspektiven eens si ginn. Kann et sinn dass den Himmel an d'Wiss hei aus verschidden Opnahmen sinn?