Nee, am Fong net, mee bei HDR léist een normalerweis d'Blend stoen an et ännert een d'Beliichtungszäit...., ech hun deen Feeler awer och alt mol gemaach.
Fir ennen, daat gringt ass fir mäin gôut net graad schaarf genuch, mee den Himel a sech ass super gin.
Merci fir däi Kommentar
Ech hat Blend am Sënn vun EV gemengt, et war schonn d'Beliichtungszäit, déi geännert huet. Ech wosst awer net, dat dat en Ënnerscheed géif maachen dofir merci fir den Tip.
Wand war weider keen, souwäit ech mech erënneren. Ech denken, dat d'Onschäerft dohir kënnt, dat ech kee Stativ dobäi hat an de PS déi eenzel Fotoen dowéinst net 100% iwwerdenee geluegt krut.