Um Daach vun der neier Biogasanlag zu Gonnereng, owes no Sonnenënnergang.
Fir de Rescht gesäit déi Anlag allerdéngs net extra fotogen an der Landschaft aus.
Merci Paul, fir däi Kommentar an deng Iwwerleeung zum Bild.
Villäicht soll ee versichen dat Schéint ze gesinn an trotzdem d'Ae virun dem manner Schéinen net zou maachen.
Kéint mir virstellen dass de dat Bild schonn eng kéier béi schlechtem Liicht gesinn an gespäichert has. An just op dat richtegt Liicht gewaart hues. Fir mech entstinn esou Biller seelen duerch Zoufall. Ech Tippen op eng geplangten Foto, déi een dan och nëmmen esou gutt kann weisen!
Merci Conley fir däi Kommentar an däi Fav.!
Ech fueren oft laanscht dës nei Anlag. En Deel intakt Landschaft huet misse bei Bau dru gleewen an mäin A kann sech net dru gewinnen.
Déi flott Kamäiner um Daach hunn ech dunn awer spannend fonnt. Wéi dëslescht den Himmel esou schéi war hunn ech missen zougräifen.
..gutt kadréiert, an déi dräi ënnerschidlech Varianten vun de Kamäiner suergen effektiv fir déi néideg Spannung am Bild. D'Kiischt um Kuch ass allerdings den donkelen Damp als dynamescht Element an der gesamter statescher Konstellatioun..!!