Sou Detailer vun ?is-Steng-Symphonie begeeschtere m?ch ?mmer neess. An enger "edeler" Zeitung fir besonnesch konschtvoll Drocker, d?i 4 mol am Joer rausk?nnt, ass lo an der aktueller Ausgab ee Reportage vun engem Fotograf. deen dokument?iert, w?i op verschidde Plaazen an den Alpen ganz Equippe vu Gletscher-Conservateuren am Fr?ijoer den ?ispanzer ?nner w?iss Plastiksbaatschen apaake, fir datt en net zevill soll schm?lzen am Summer. D?i Fotoen, d?i dee gemaach huet, gesin sou ?hnl?ch aus, w?i d?ng Foto hei.
Ech kennen den Artikel aus der "edeler" Zeitung wéis du hei schreiws, an e verdäitlecht engersäits eendrëcklech de Réckgang a Verfall vun de Gletschern an den Alpen, andererseits vermëttelt de Goldgruber awer och eng grandios Ästhetik a senge Sujeten vun dëser stark ugegraffener a ramponéierter Landschaft.
Wéi gesot, ech kennen den Artikel, war bis dato aber virdrun nach net um Fotograf senger Internetsäit ënnerwee, an dofir Merci gesot fir de Link.
Merci och fir däi Komentar, an et freet mech natierlech wann d'Bild gefällt.