Jo, jo, dat ass net falsch. Mais ech hun elo zanter März keng analog Fotoe méi gemaach, weder mat Schüler*innen am Cours, nach privat. Mais IR wier schon eng Erausfuerderung. Awer ween entwéckelt mir dat? Oder kann ech dat wéi een normalen B&W-Film entwéckeln? .. Ok, am Link ass schon d'Äntwert.
Keng Uersaach Nico, ech weess allerdëngs nët op ët de Konica IR nach gëtt, ech mengen déi hun d'Filmgeschäft scho laang opgin.
Hei z.B. gëtt ët awer nach den een oder aaneren... https://www.macodirect.de/film/infrarotfilm/
Merci, nacheemol. Mais ech denken awer éischter, datt ech léiwer mat digitalem Ausgangsmaterial an Tonkanalmixer Pseudo-IR maache, wann ech eemol ee schéinen déifbloen Himmel mat Polafilter knipse kann...