Lo fänkt se un, d'Zäit vun den Orchideen dobaussen. Ech hun der eng Hellewull de läschte Sonndeg um Deiwelskopp zu Méischdref gesin, an do war niwent dem männléchen an dem gefleckte Knabenkraut och vereenzelt deess Purpurknabenkraut drënner. Ech wollt an enger Woch nach eemol kucke goe, wat bis dohinner neits bäikomm ass.
Merci, da kucken ech mol, ob ech et ronn kréien, dohinner luussen ze kommen. Vu Rammerech aus dem Wëlle Westen op Rouspert un d%u2019Ostküst ass et nawell laang ze fueren.
Dat ass korrekt... Et ass jo och effektiv esou, datt ech mat ménger Fra de läschte Sonndeg vu Rouspert iwwert de Mëllerdalltrail op Hierber gewandert sin. Ech kennen deen Eck also schon e bëssen...