O mei, ech hun daat lo mol no gekuckt, daat wor jo krass schief, jo mam Himmel haat ech chance dat keen "Touristewieder mat lanweilegem bloen Himmel" wor, soss hätt ech missen d'Strandkabientjen vu bannen misse Fotograféieren wéi de "marker" bei senger Série vu der Kapell bemierkt huet, woubei seng Biller alles aanescht wei Touristefotoen sin
Eng Plaasch ouni Leit. Interessant an ongewinnt, ausser et war s...kaal deen Daag.
Mais, an dat hues du bestëmmt am Schna gehat, di Baatsch do ass eng Replik vun de Farwe vum Mier a vum Himmel. Ok, dat ass sou gewollt vun deem, deen déi dohinner gemaach huet, an awer muss een dat mol gesin an da fotografesch festhalen. di rout-orange Zillen lénks bilden och ee warme Komplementarkontrast zum dach éischter kille Rescht vum Bild. Gutt, ech schreiwen dat hei just, fir ze bestätegen, datt mir déng fotografesch Absicht an däin Talent erkennen. Et ass jo gewosst, datt déng Fotoen duerchduechte Kompositioune sin.
Merci Nico, fir deng déifgräifend Analys an deng appréciatioun, et freet mech ze liesen dat meng 6x6 Kompositioun gefällt, wëll et ass ëmmer nees eng grouss Erausfuerderung an ?%u2039mstellung vu 35mm Klengbild op 6x6 Mëttelformat ze wiesselen, mee weem soen ech daat. Wann et eng 6x6 Digitalkamera am Mëttelformat géif gin, da géing ech exclusif nach just an deem Format schaffen, den digital pack vun Hasselblad ass leider net am 6x6 Format ausgeluecht. Et huet ee jo nëmme e Bléck huet mol eng professionnel Fotografin mir erklärt firwaat se exclusiv mat enger Hasselblad mat engem 60mm Objektiv hier Landschaftsfotoen gemach huet, 1 Apparat/1Objektiv (.... an nëmmen ee Réck fir den Equipement ze schleefen)
o jo, weem sees du dat, wirkléch! Du gleefs et net (oder awer dach), ech sin am gaangen, bei deem, wou ech méng Pentaxen a méng analog Nikon kaaft hun, no enger passender Rolleiflex ze kucken.
An eppes muss ech nach dobäi soen: et ass méi einfach aus enger 6X6 Foto all méigléch Cadragen ze schneide, wéi aus enger 3X2 eng quadratesch Foto ze cropen.
Absolut, dat mat 3x2 op quadrat machen nëmmen am extreemfall, ech empfannen et als lèse majesté vis-à-vis vun den 6x6 Klassiker wéi Rolleiflex an Hasselblad
Ech machen der eng PN hun nach eng Adress wou ech meng Rolleiflex kaaft hun, an déck zefridde in domat.
addendum: Lo gesin ech réischt:
1. et war moies, dofir di wéineg Leit (de Schieder no koum d'Sonn vun Osten).
2. de Schied vum "allgegenwärtege" (mir fällt kee Wuert op lëtzebuergesch an sou direkt) Velo op dem éischten Haischen, deen der Foto och nach ee kleng Schotz Méiwärt gëtt.
Gut gesin Nico, jo et wor mueres, an esou richteg Plagewierder wor et och nach net dee Moment, jo de Fiets däerft natierlech net feelen, ass awer Zoufall dat deen och nach mat drop komm ass.
Intressant Bildgestaltung mat den 'Haisercher', an den Himmel ass hei definiv eng plus-value am Bild. D'Luucht passt, an dee scho bal liichten 'High-Key' verleet der Situatioun dee néidege Plagefeeling!
Ganz gutt esou Georges!