All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Eropgelueden: 14.11.2021
Gekuckt: 25134
Favoriten:
Kommentarer: 4
Originaldatum: 12.11.2021
Fotoapparat: Nikon FM2
Objektiv: Nikkor AIs 35mm 1:2
Kommentar vum Fotograf:
Kurz no Sonnenënnergang.
Ech hun hei een Experiment gemaach, well ech eng Kéier an engem Film iwwert d'Eisléck an engem Interview mam Raymond Clement héieren hun, datt hien eemol am décken Niwwel eng Foto gemaach huet an engem Bësch, wou hien eng Laangzäitbeliichtung gemaach huet,an hanneno um Film méi ze gesi war, wéi an der realer Situatioun. "De Film gesäit méi wi d'Aa", sot hien do.
Dofir wollt ech och eemol eppes sou probéieren. A well et an dëser Zäit vum Joer bei eis zu Rammerech op iwwer 500 Meter dacks décken Niwwel ass, war och d'Geleeënheet schon dofir gin. Ech hat a méng FM2 vun Nikon ee Kodak Tri-X 400 geluecht, deen ech op 100 ISO iwwerbeliicht hun. Ech hun op Blend 16 ofgeblend fir eng Beliichtungszäit vun e puer Sekonnen (3-5) ze kréie, fir datt soll laang Luucht op de Film faalen. Dunn hun ech de Film am D-76 1:1 11 Minutte laang beliicht (Pi mol Handgelenk, well ech hu keng Zäit fonnt, fir dee Film ënnert deene Konditiounen ze entwéckelen. An dat hei ass, wat ech dobei rauskritt hun.
Effektiv hun ech vill manner gesin an et war och vill méi däischter do, wéi dat hei op de Fotoen schingt.
|
|
Neisten Benotzer:
JaviAm Ganzen:
3725 keen Benotzer an
525 Gäscht online