flott sin d'Tramschinnen dei an enger liichter Courve hannert dem Gebei mam Horizont zesummenlaafen an domat der Photo eng chic Bewegung gin. Exzellent.
Mat dem Breakdancer din ech mech am s/w e bessi schweier, deen wierkt mier ze nervös fier den Rescht vun der Plaatz.
Meric Tom, jo di Suen si gud investéiert. Ech hu mir lo de Breakdancer um grousse Schierm ugekuckt du hues absolut Recht wierkt effektiv greilech total iwerschaerft (awer komescherweis just de manege selwer ouni d'alentoursen) a get ersaat duerch eng Vue dei dir net ganz friem dierft sin
Merci Tom, jo wéi gesot mam Breadancer war mir guer net opgefall um ale Windowsnotebook wou ech eropgelueden hun, mee um groussen Birenecran ass direkt an d'Ae gestach an huet wéi gedun. Jo et gin nun mol nëmmen 2 Richtungem aus dem Rad eraus no riets an no lënks, do ass net vill Méiglechkeeten. Ech haat effektiv Chance dat kee Kran gehënnert huet.
Du kriss 3 Tier mat enger kuerzer Halt uewen op der Spetzt gebueden. Alles am Allen geet et zimlech schetzeg sou dass net vill Zeit fier speziel Astellungen bleiwt.
Gutt, datt keen Tram do gefuer kënnt, well do hënneren di Potencen.
Mais zur Quali vun der Foto: Wann ee genee kuckt an der Vergréisserung op engem 4K-Birenécran (vum EiSpeckPro), da gesäit een, datt iwwerschärft ass. Wann ee ganz no bäi geet, da gesäit een Kompressiouns-jpeg-Këschtercher. Lo weess ech nit, ob déi durch d'Vergréisserung vu PG kommen, oder ob déi schon d'office bei déngem upload präsent waren. Dat géing dann och de Briechdanz-Problem erklären. Dat kann ee jo lo nit m?i kucke, well jo de Rempla?ang schon do ass.
Zenter dat ech mat der M10M mat 40 Megapixelen schaffen sin all meng Fotoen hei op PG iwerschäerft, daat kënnt duerch d'Kompressioun fir den upload, ech kréien daat leider net méi an de Grëff. Bei enger 20 Megapixelencam haat dech daat Problem net esou, soubal een a meng Biller eraklickt wirken se iwerschäergt op anere Siten wou d'Original eropgeluede ass alles gud.
Ech sin e grousse Fan vu knackeger Schärft an enger Foto, dat kënnt warscheinlech dohier dat ech vill mat Groussformat geschafft hun, an esou gesinn fannen ech deng Serie hei richteg gutt. Fir mech näischt ze vill.
Gutt gemach Georges.