Dat do passt jo scho mol an dem Cartier-Bresson séng Kategorie: L'instant décisif. Da gefällt mir och di "Zweedeelung" mat der "Umkehrung" vum Sproch vun deem Wässerchen. Woumadder ech méch awer schwéier din, ass dee lénksen an ënneschten Deel vun der Foto, deen zimmléch "Gewulls" ass an deen nit direkt eppes Méi zur Foto bäidréit. Wéi wier et mat engem Recadrage tëschent dem Gesiicht vum Plakat an dem Leuchtuerm an der Vitrinea liicht ënnert dem Dësch op der Terrasse? Domadder hues du dann och nach deen Iwwergang vum Grill am Pavé an der Uewerfläch vum Dësch als weider Spillerei op der Foto behalen.
Beim 1. Entworf haat ech se bis den Leuchttuerm gecroppt, hun mech awer weinst verschiddenen Punkten aanescht entscheed. D'rousperter Pärd sollt drop. Daat Gewulls passt fier mech als Geigenpol zu den opgeraumten Plaquetten op der Mauer souwei der Thai Massage. Ausserdem gefällt mier den direkten Aenkontakt mat där Reklam an der Fenster gudd, deen zitt un an raumt dei Onuerdnung op.
Kann een och sou gesin! Et ass jo schliessléch déng Foto an däi Choix vum Cadrage. Mais kuck: du schreifs jo selwer bei enger aanerer Foto, datts du am Moment déch mat de grousse Virbiller an der Fotografie beschäftegs. An et war an deem Sënn, wou ech méng Remarque wollt verstane wëssen: Beim HCB sin di Instant décisif-Fotoe méi opgeraumt a manner iwwerlueden. Awer no dénger erklärung liicht mir däi Choix an. Op alle Fall ass et eng interessant an eloquent Foto, déi eng geschicht erzielt a wou et eppes drop ze kucke gëtt.
HCB, Saul Leiter (Fav), Bruce Gilden, Trent Parke, George Georgiou, ...
do kann een sech net saat drun kucken an dei jeweileg Techniken duerch den Kapp goen loossen. Dann kennt deen Moment wou's de do stees an dier dei Saachen opfaalen dei, dei Leit gesicht hun. Ech well net iergendeen nomaachen, ech well verstoen, Situatiounen erkennen, an dann och richteg Handelen. Wei get esou schein gesoot, beim faalen léiers de goen.
Dein Komentar ass mier wichteg, well eng konstruktiv Kritik nemmen hellefen kann.
Bei där nächster gin deng Wieder secher mat an der Decisioun verschafft.
Pass just op, datts du déch selwer bleifs, wanns du méng Wieder demnächst mat verschaffs!
* Dat ass esou eppes mat deenen Influenzen, déi ee vu bausse kritt: Si hëllefen engem, verschidde Saachen ze gesin, déieen dann irgendwou verschafft, (d.h. nomécht oder verwerft), mais duerno ass een nit méi dee selwéchte, wéi virdrun. An ob een et wëllt oder nit, et imitéiert ee séng Meeschter, well een deen Androck, deen déi hannerloossen, nit méi débosseléiert kritt.
Ech stressen nit, ech philosphéieren. . Dat ass eng Déformation professionnelle bei mir. Viläicht leet dat séch elo, wann ech nit mi all Daag an d'Schoul muss goen.