Sou no kënnen an engem stëmmungsvolle Bild Fridden an Angscht beienee leien.
Bildopbau: top, mat deem Schilfgras oder wat och ëmmer vir rechts an der 1/3-2/3 Andeelung vum Bild. An datt di Dampwollécke sou schéin diagonal gin, gëtt der Foto eng richteg flott Dynamik. D'Spigelung ass do just nach d'Rahm op der Mëllech.
Schéi beschriwwen Nico, ..en plus huet mir ebenfalls den Emstand gefall wéi de Waasserdonst sech an d'Wollécken integréiert huet.
E grousse Merci Nico, mech freet et jiddefalls dat d'Foto déch usprécht.