Locke
Grünschnabel
Dabei seit: 20.01.2010
Beiträge: 7
|
|
Sou also ech wollt mech o eng Keier hei zu Wuert mellen, mee opreegen maan ech mech net wierklech wollt just e klengen Statement gin. Kruet o eng refuséiert (waat firkommen kann, mech lo o net weider rosen mecht, well dofir as mär mäi Bluddrock ze schued)
also hei d`Begrennungen:
eng Foto Fish!!! ass leider net ugeholl ginn. Hei sinn d'Riichtlinnen déi leider net gepasst hunn:
Déi optesch Qualitéit muss stëmmen Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
D'optesch Qualitéit vum Bild ass leider ze schlecht. Dëst kann geschéien duerch d'änneren vun der Gréisst mat Software.
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
Voila also
Punkt 1: ka sin, bei mär gesi se ob allefall gudd aus, mee as net de Punkt
Punkt 2: Zum Opbau: joet si Fesch, a jo se waren an der Mett...
mee waat emer sou schéin ob all Photo iwer Waasser unzewenden as, geet net emer UW... ech schwätze lo mol fir all UW Photograph, jidereen dee mengt eng Photo UW, wier einfach noom Motto (wei ech et schon ze héieren kruet): Aaaah ech hu bessi Geld zevill kaafen mär eng Ausrüstung sprangen dran a maan Photoen.
Ma sou einfach as net. Du bass do als Photograph an engem Element wous net higehéiers, all Fesch egal wei grouss oder kleng as emer mei schnell weis du an et as dofir net evident en emer schein an Drettelregel ze setzen, besonnech wann een am Fräiwaasser as, wou een sech anstänneg taréieren muss an op Faktoren wei Déift, Stréimung(dei et bei deenen heiten Photoen deelweis onmeiglech gemeet hun de Fesch iwerhaapt fokusséiert ze kréien...), Loftvirrat en TauchPC dee grad Amok leeft oder 2 Bletzer ausriichten fir de Fesch propper ze beliichten (wou dann och dozou gehéiert et sou ze maan dass ee net grad all Dreckpartikel am Waaser beliicht) etc. opzepassen. An dofir wollt ech jidderengem un d`Härz leen, eier et hescht ech hätt mär keng Gedanken em de Bildopbau gemeet, huelt ärch eng Kamera zappt ärch ant Mier an probéiert mol, geif da gär gesin waat bei deenen rauskennt dei mär daat hei virgeworf hun... näicht fir ongudd, mee dorems sollt ee sech o mol Gedanken maan, eier ee mengt eng Photo vu Fesch (dei net sou schéin stallhalen wei irgendeen Viech am Zoo) wier zevill an der Mett oder soss eps, wann een interesseiert as, kann ech em gär eng Keier meng Knipps leihnen an dann amusez-vous bien
näicht fr ongutt, mee wollt daat mol kloer stellen...
Georges
ps: si net rosen falls een daat mengt, mee wollt mol bessi genee erklären wei daat zou sech geet...
|
|
12.10.2011 19:32 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@Locke: Mir hu Respekt virun de verschiddene Konditiounen an deene Fotoe gemaach ginn (Däi gutt erklärtend Beispill ass jo net dat eenzegt wat sou kann virkommen), mä leider gëtt dat oft als "Excuse" geholl dofir dass een eng Foto net konnt besser maachen. Leider ännert de Fakt dass d'Aarbecht schwéier war eng Foto ze maachen, näischt drun wéi d'Foto herno selwer ausgesäit.
Also et war sécher schwéier, mä leider feelt awer e bëssen do de kënschtlereschen Aspekt
@gunman: Den Toun, deng Art a Weis ze schreiwen déi loossen ze wënschen iwwreg, wanns de selwer net mierks wat e Kommentar vum Locke oder vum Schlimpitz vun dengen ënnerscheed, dann bass de blann
Merci iwwregens dass du, genee esou wéi och oft anerer déi e Mangel u Respekt weisen am Emgangstoun, just der déi Saachen eraus picks aus mengen Äntwerten wous de nach méi dru picken kanns, amplaz och op déi aner Saachen anzegoen.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.10.2011 19:44 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Här Administrator: denkt emmer drun : ce n'est que la vérité qui blesse !
Merci och fier déi perséinlech Beleidigungen (ech sinn net blann).
PS: Ech picken guer neischt eraus, mais dir hut hei 3 Photoen veröffentlecht, déi bedeitend méi scharf woren wéi déi di der refuséiert hutt, an daat ass konzeptlos, obs Du daat elo wells agesinn oder net, och wann et dech deck rosen mecht.
Iwregens haats Du gesoot Du giffs mir net méi äntferten...oder....
|
|
12.10.2011 19:54 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Majo dann däerfs de dech glécklech schätzen ass ech nach äntweren
Esou wéi een en de Bësch era rifft, esou schaalt et zréck.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.10.2011 20:00 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Ma jo Johny, keen Problem, ech kann domat liewen.
|
|
12.10.2011 20:05 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
vu que dat ech an der Lëscht just hei nach heiansdo am Hannergronn hei matliesen, ... vill Léit wëssen dat ech net méi vill weisen (fléit net esou vill firwat), muss ech elo awer eng Lanz vir de Johny briechen.
Jidereen hei wollt en aneren Aktiweierungssystem, ech inclus! ... dat iwwert Hà ndy bei engem Béier, vun enger eenzelner Persoun bei 3 Promill an engem Bistro fräischalten, ass nämlech lächerlech gewiescht. (ironie aus *g*) An elo ass den do, den neien System !!
Fir mech nach ëmmer net hëllefräich, en Kommentar
@mat vläicht hues de .... (wat soll dat "vläicht" hues de ??? )
@Et sollt ee sech Gedanken maache ... (ewei de Locke scho geschriww huet
dat ass net nëmmen net hëllefräich, mä esou gueren beleidegend ! fir Léit déi der Meenung waren, hei dat bëscht wollte ginn a weisen. Wou war do eisen studéierten Psycholog aus dem Komitee, wou déi Sätz do niddergeschriwwe gi sinn
ok, ... wat ech wollt soen, de System fannen ech net richteg, an dofir hunn ech och meng Konsequenze gezunn, ... an jo, ech war deemools op de Versammlunge net derbäi.
Et gëtt hei nëmmen de Johny ugegraff, den System an déi fräigeschalten oder refuséiert Biller ass awer "Doot" vun enger ganzer Equipe, an genau dat ass esou weit ech weess, net vun engem, mä vun all de Memberen ofgeseent ginn !!
Ech selwer hu mer Gedanken iwwert dat Ganzt gemaach a meng Konsequenzen geholl, awer ouni nëmmen engem "Eenzegen" d'Schold ze ginn
Domadder rechtfertegen ech awer och den Toun vun Johny an all den aneren net
)
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 12.10.2011 21:04.
|
|
12.10.2011 20:58 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Meckeren as emmer einfach as wei an der Politik gemeckers sinn se all Stark nach mei wann et nemmen Text as mee wann et drem geet BENEVOL seng Zäit an eppes ze stiechen dann as eeeee nneeeee eeee hun grad keng Zeit eeehhm Famill an Arbecht wees jo wei daat as ... an weider Excusen!
dei Foto wou et diem geet as och nach Schlecht, daat kent dobei...
ech wees elo sin ech och deen Beisen...kee Problem!
Et sinn puer Leit wou Akitveieren an do sinn also och puer Meenungen voila as daat net Menschlech?
liewen geht Dach wieder wann die Foto net ugehol Gin as well se eben zevill fir eis gewiesen heut weis se op Fotocommunity oder Flickr oder egal !
Mert wei all sidd da dann?
komm ma maan erem Photoen....
mbG
MARC
|
|
12.10.2011 21:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
suraki: De System gouf net just vun den aneren comitésmemberen ofgeseent mee jo iwwerhaapt sou ausgeschafft mat User vum Site. Dat soll just nach derzou gesot sinn
btw: Alles ok awer bei dir esou?
__________________ 404 - Not found
|
|
12.10.2011 21:21 |
|
|
Locke
Grünschnabel
Dabei seit: 20.01.2010
Beiträge: 7
|
|
Also wei gesoot Kwitchibo gin där d'Knipps da kanns probéieren,da kanns de jo dei Exvuse fit eng schlecht Photo selwer iwerpréiwen...an a propos kenschtlerecheb Aspekt,daat hei war als Dokumentatioun geduet,froen mech waat do emer soll als kenschtlerech ugesi gin,da keinten o aaner Photoen hei nie gewissen gin... mee bon soot jo reege mech haut net op...
|
|
12.10.2011 21:22 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
@ Johny
.... net just vun den aneren comitésmemberen ofgeseent mee jo iwwerhaapt sou ausgeschafft mat User vum Site. Dat soll just nach derzou gesot sinn smile
dat war och vu menger Séit aus esou gemengt, ... ähh ech wollt dat esou eriwwerbréngen
( ps: jess alles paletti )
|
|
12.10.2011 21:28 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Ech hat mer am Fong virgeholl dass ech mech aus Diskussiounen hei am Forum géif eraushaalen ...
Wat ech schued fannen ass dass déi ganz Community héi faenkt auserneen ze briechen, wat menger Mehnung no och un den hëtzegen Diskussiounen héi am Forum leit an un der Art an Weis wéi d'Photoën refuséiert ginn.
Dat huet sech och mat dem neien System anscheinend nët gebessert. Ech hat dat héi schon eng kéier proposéiert:
Firwaat mat der nët eng keier eng Ëmfro wat d'Userën gudd fannen an wat nët ?
|
|
12.10.2011 21:44 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ma mer hu jo grad de System wéi en aktuell ass esou kritt well mer mat Leit geschwat hu wat se gutt fannen a wat net. An dat ass hei am Forum geschitt, alles ëffentlech. Mä egal wéi et herno ass, et ass nie jiddereen zefridden.
Dat mat der community stëmmt, mee déi Leit déi hei sech bessen zevill respektlos weisen an hier Emgangsart hun och zum gréissten Deel keen interessi drun Deel vun enger Community ze sinn. Fotoen erop lueden, profitéiren, gutt Kritike kréien, mä net Clubmember sinn, sech net op Meetings weisen asw, an dat ass dat wat et wierklech futti mécht.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.10.2011 22:01 |
|
|
crici
Grünschnabel
Dabei seit: 18.11.2006
Beiträge: 5
|
|
Also ech haalen mech kuerz an bedeelegen mech lo net un der Streit Diskusioun. Ech well einfach soen, dass et menger Meenung no jo absolut net schlemm ass eng Foto refuseiert ze krien, ech kruut der alt och schon masseg refuseiert, wou ech mech och heinasdo gefroot hun wisou (natirlech hun ech heiansdo och gemierkt waat den Problem war, en verbessert an dun ass se ungeholl gin
).
Mee waat ech lo soen wollt, wann een eng Foto refuseiert kritt dei engem Perseinlech gefällt, ass dach keen probleem, dovun geet d Welt dach net enner, dann Print se aus an hänkt se an den Kummer op den Buro,...
Außerdem fannen ech et gudd wann een puer flott Fotoen huet dei een net presenteiert, dei sein klengt geheimt meechterwierk bleiwen, ech hun hei op mengem Stick(extra dofir) Fotoen dei deelweis bei weitem daat iwwertreffen waat ech um Site weisen, daat ass meng Privatsammlung... mee bon, daat geheiert jo lo net mei wirklech zum Thema.
@ Johny, Mengen Dei Kritik geint dech, geint anerer ass warscheinlech vun dem engen Point de vue e weineg berechtegt vum aneren dann rem net. Ech mengen du bass net deen eenzegen deen Fotoen kann unhuelen oder oofleenen, an ech fannen mir kennen iwwerhaapt frou sin dass mir der leit hun dei daat maachen, well dodurch existeiert den site jo nach(natirlech net nemmen dodurch
).
Anererseits muss ech awer och soen dass dei wisou ass d Foto oofgeleent gin Texter heiansdo fir mech irgendwei, wei soll ech soen, net sou riwwer kommen wei se sollen.. mee ech maachen mir lo do neicht draus, ech mengen oft wann ech eng foto refusiert kruut konnt ech mir et virdrun schon denken.
an wei sc hon gesoot gin ass et kann een et nie jiddferengem recht maaachen.
Also ech hun keen Problem domat wei et loo Leeft, an domat beenden ech och lo mein Kommentar...
|
|
12.10.2011 22:36 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Schluck: Mer kënnen awer net d eLeit nolafen déi mol net méi aktiv sinn
D'Meetings stinn emmer op der Startsäit wann der sinn (offizieller) an et kann een seng System Noriichten aktivéire fir Meetings ze gesinn. All Kéier eng E-Mail eraus schécken wir zevill des gudden, do ass awer also eigentlech vun eis aus vill gemaach fir dass jiddereen et kann matkréien. En plus schreiwe mer et nach op Facebook an Twitter.
@crici: Mir haten et getest beim ale System, wou mer selwer den Text konnte verfaasse beim refuséieren: Egal wéi een et dréint, een den en Refus perséinlech wëll huelen, den hëlt et och eosu, an den ass beleidegt/rosen
an hei gëtt just Gemeckert an gesot et wir trotzdem net gutt, trotzdem awer vu kengem konkret aner Virschléi gemaach... wat schued ass.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.10.2011 22:48 |
|
|
crici
Grünschnabel
Dabei seit: 18.11.2006
Beiträge: 5
|
|
Ech wosst jo mol net dass et och eng Photogen seit op Facebook gett, gudd daat ze wessen
@ Johny: ech kritiseieren jo och net den System, souwisou sin ech net rosen oder sou wann eng Foto net ungeholl gett, dann ass et eben sou, ech reegen mech net doriwwer op, ass net gudd fir d Gesondheet
Ech fannen et jo gudd dass sech iwwerhaapt gedanken driwwer gemaach gufen, also iwwer den System, an dei Noriichten.
An un deser Plaaz eben nach eng keier en groußen Merci un all dei dei dodrun geschafft hun an un d ei dei sech em d Unhuelen vun den Fotoen bekemmeren, well wann een kukt weivill Fotoen all daag ropgelued ginn, ass daat jo schon genuch arrbescht.
|
|
12.10.2011 22:55 |
|
|
|
gin dir vollkomme recht Poly, firun engem Joer war et nach Spaass fir Fotoen bei Photogene ran ze gin ..
De Komitee mist villeicht nei gewiëlt gin bei Photogene,
do sin der dëi en neie Brëll brëichten
|
|
16.01.2012 07:01 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
An weider geet et
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
16.01.2012 08:23 |
|
|
|