Merci gesoot Zora, ausser dass se ee bëssen Iwwerbeliicht ass, mais bon d'Expressioun gefällt mir bei der 4. effektiv och am Beschten. Kuck emol den geilen Microstänner ...
Dat well esh da gären gleewen emplus vir dann nach ordentlesh biller eraus ze kreien mat da wiesselnder belichtung ass net dou licht, do muss een e bessen mei kennen wei just knippsen
Lossen mer sou soën ... no den eischten 20. Concertën hues de den Trick eraus. Waat mei nervt ass dass de ëmmer nëmmen 3. Lidder hues ... Dat geet zwar duer mais du bass awer doduerch ënner Drock an virun allem dat ass am Unfank schwéier
Dat mam Drock gleewen ech da am Ufank, zumols do geet een mat groussen awardungen drun... Hat eng Zaitchen Nightlifefotoen lenks a riets am Land gemach, an och do wor emmer e klengen drock dobei dass Fotoen sollen Brauchbar sen, zummols dei vun de Leit dei Fotoen och dono Wolten, kanns io och net virun enger Persoun 8 mol probeieren bis Foto setzt.. Najaa, hapsach du heus den Drei eraus, wat och resultater vir sech Schwetzen leist
Merci Pit, 1, 4, 5 sinn meng Favoriten ... bei der 4ter ass d'Gesiicht leider ee bëssen ausgefries an dei 5. woar ech nët schnell genuch ob der Platz an dofir ass se ob der enger Seit sou geschnidden an bei der naechster woar seng Haltung schon nët méi sou cool
Ech däerf den 21 op Esch an e pur Fotoen vun 'Haute Tenzion' maachen....ass Neiland fir mech, mä et ass awer nach hell an dobaussen, dann hunn ech jo mol den Problem mat der Beliichtung net sou direkt .
Cool, hëlls de dem Jay ee scheinen Bonjour mat ... wann ët dobaussen ass an nach hell hues effektiv keen Problem mat Luucht ... du muss awer deng Beliichtungsanstallungen lues a lues unpassen ... wärend dem Concert gët ët jo dann lues a lues méi deischter
Jo, maachen ech, probéieren mäin Bescht. Kennen den Paul (Bassist), den huet mech gefrot, op ech e pur Biller maachen kéint, do konnt ech net gutt nee soen. (wollt och net nee soen)
MErci Jean-Jos, dat eenzegt wat mech beim Bassist nervt ass den Cadrage ... woar nët schnell genuch ob der Platz an dofir ass se ob der enger Seit sou geschnidden an bei der naechster woar seng Haltung schon nët méi sou cool
den ee bréngt Street den aner Déieren an erëm en aneren ewéi ech queesch duerch de Bësch wat em grad virun d' Lëns leeft.
ech fannen et cool wann en ewéi du séi Stil huet
wann deng Biller bis gutt sinn, an dat sinn se, da geet et net méi em technesch Detailer ewéi rauschen, Faarwen Ausschnëtt etc.
Du weess ganz genau wat a wéis de et weis, ob et mëttelméisseg, gutt oder Top ass, .. wees de meeschtens selwer
Wéi et hei ukënnt hänkt vu villem of, ... mer quatschen eng Kéier bei engem Béier heiriwwer
Jo, do ginn ech der Recht, ech probéieren halt ëmmer eng gesond Selbstkritik un mengen Biller wëll ech wëll mech jo awer nach wéiderentwéckelen an nët ob engem Punkt stoën bleiwen. Villeicht ass ët mol un der Zäit och mol nach anner Stiller ze probéieren ...