Mein Model, hatt wees emer waat et ze maan huet wann ech Kamera raushuelen... Mech steier just epes klenges un der Foto, me ech lossen erch mol meckeren. Hun mir dei Foto och ob mein Auto gema, geseit richteg gut aus ;-)
Hmm, wees net waat Dech stéiert mee ech hätt se versicht sou ze maachen dass lènks ennen de Wee aus dem Eck an d'Bild ran leeft. Croppen brèngt lo näischt méi well dann schneids De de viischt Patten oof.
Eng aaner Iddi wir dass de an d'Huppen gaang wirs fir d'Nayeli ze knipsen, dann häss de quasi keen Wee drop gehaat an Du häss och kennen uewen schneiden, dann häss de nemmen den Raps drop an net den däischteren Hannergrond.
Du kanns och lo nach uewen an ennen schneiden mee ech färten dann gett se e bessen enk...
Ass awer soss ganz floot, an de Mupp ass souwisou eng Beauty!
Ech war an den Huppen an ech hun esou eng weis du beschreifs... Fannen dei do awer fum Hond senger Poos mei schein... kann se leider net als kommentar posten
Mengen net daat den Link klappt!?
https://www.facebook.com/photo.php?fbid=10205626576377356&set=a.10205626574937320.1073741841.1642123737&type=3&theater
(facebook Links hunn hier eegen Logik, do muss een ugemellt sinn, befrend sinn etc. - ähnlech wei dass ech der hei net kann een Link op eng PN schecken dei ech an menger Inbox hunn....
Allgemeng zielt:
[ u r l ] LINK [ / u r l ]
oder
[ u r l = LINK ] beschreiwungs-text [ / u r l ] alles ouni espace
bauen der den Link hei op photogen an...