Du hues hei eppes ganz Neies ausprobéiert, di getreppelt Pied verlooss, en Experiment gewot, an dat eleng ass schonns spannend a flott.
Mä d'Foto, mat hiren douce Faarwen, dem schéine Liicht an de "Spuren", déi de Bléck an den Zentrum féieren fannen ech och nach ganz ästhetesch an uspriechend.
E Bild fir a Gedanken duerch den Tunnel an eng meditativ, psychedelesch Welt ze rutschen.
Feelt nach just déi passend Musék. Mir ass déi hei an de Kapp komm:
https://www.youtube.com/watch?v=IiLPaSKG47c
Wéi ass d'Bild entstanen? Mech géifen nach e puer Erklärungen heizou interesséieren ( wann s de dat da verrode wëlls. )
Ech gesinn du hues och ouni Erklärung Foto verstanen , an dat freet mech besonnesch!!
Däin Kommentar ze liesen war een genoss, an't Musik passt och ganz gutt bei Bild!
Zu der Foto. Dat ass eng Strukturéiert Glaséiert Kachelouwen Plättchen, een Ritter op engem Pätt, mat dräi LED Täscheluuchten aus verschiddenen Wénkelen an't Plafongsluucht iwwert dem Ëssdech hunn Bild beliicht. D' Objektiv (Pancolar Zeiss Jena 1,8 50mm) do ass eng bestëmmten Lëns gedréit ginn fir den Effekt ze verstäerken (hatt ech am Internet fonnt)!
Also net besonnesch spektakulär oder ?
Merci jorsch!
Wow, op mech wierkt et wei en Tunnel an deem Kristallen wuessen. Oder wei wann ech eppes komesches zou mir geholl hätt. Mech interesséiert et och brennen wéi dat Bild entstanen ass, Wann dat keen Geheimnis ass
Deng Bild Interpretatioun gefält mir, war och ouni LSD eng vun mengen echten Iddien! Hoffen awer du léis Fangeren ewech vum dem Dreck et geet jo och ouni! Kuck Bild einfach, an et mécht bestëmmt net Süchteg! Merci fir däin Komentar 2crazy!! D'Erklärung steet schonn uewendriwwer! Muss ech mir lo Suergen maachen!
Ps. Een Witz wat Suergen ubelaangt!!