Wonnerbar Liichtstëmmung festgehalen, gefällt mer richteg gutt. Déi wäiss Rumm stéiert mech awer e bessi, se paakt dat ganzt an eng Këscht, wéi wann een duerch eng Fënster géif kucken. Ouni Rumm hätt ee méi d'Gefill et wier ee mattendran... if u know what i mean
Mech freet et dat d'Bild dech usprecht, trotz der Rumm .
Ech hu laang analog fotograféiert, an do huet ee seng Biller just kënnen um Pabeier betruechten, an haaptsächlech am sw war esou ee schmuelen wäisse Rand usus, dann huet d'Bild méi ''geschlossen'' gewierkt, vun dohier hun ech d'Tendenz et am digitalen och esou ze machen.
Bei der Foto esou um Ecran betruecht ass däin Denkustouss awer emol guer net esou verkéiert, an ech probéieren meng nächst Biller ouni Rumm ze presentéieren, zumindest emol déi faarweg.