Dat as eng Méiglechkeet, mee da gët däin Himmel méi a méi hell wéinst der Lichtverschmotzung. Ech hun einfach 20" agestallt wou den Himmel dun bei ménger Blend ok ausgesin huet an dunn den Ausléiser gedréckt gehal (hu grad keng Fernsteierung). Ech hat awer sou een génialen Bletz verpasst well tëscht zwou Beliichtungen brauch den Apparat eng hallef Sekonn bis en nees déi nächst Foto mecht.