Merci - ech hätt zwar nach gäer eng gehaat wou d'Wasser méi glaat ass (just firdrun war grad en Schëff vun riets no lénks duerch d'Bild gefuer), mee hun fonnt et wier Zeit bei de Flughafen ze fueren.
An jo, ech war 'relativ' oft doiwer an läschter Zeit, mee mengen lo ass mol eng Zeitchen Schluss. (Soën ech ëmmer. Reesen fir mech ass wi aner Leit mam Alkohol - "nie méi" an dann di Woch drop kucken ech schon rem waat et esou gët.)
Erennert mech direkt un eng aanere brecke foto, mee des gefällt mer besser, mee du stoungs nawell zimlech laang do 61 sekonnen, wow...
an su direkt hun ech mol naicht ze meckeren, wierklech flott foto
Jo, daat héi ass halt eng klassesch Vue, ech hun just Joëren gebraucht fir mol eng Kéier nuets dohinner ze kommen.
61 Sekonnen ass laang, mee war di eenzeg Méiglechkeet fier genuch Luucht ze kréien fir eng ISO 100 Foto ze machen... dofiir ass jo d'Remote Release gudd, da brauch een och net de Knäpchen unzehaalen (ass jo am Bulb-Mode gemeet).
Einfach nemmen brilliant! Suwuel d'Bréck, wéi och d'Waasser an d'Hannerland ass absolut perfekt gin! D'Reflektioun am Wasser ass einfach WAHNSINN. All Respekt un deng Fotoen, déi sin emmer erem brilliant!
Gett vu mir eng makellos 10!
Merci. Mee wi gesoot, hätt nach kënnen bëssen méi glaat sin wann daat Scheff net bessen Onrou bruecht hätt. (Oder vlaicht hätt ech nach sollen eng machen op f/11 mat 2 Minutten, well schlussendlech war ech awer nach gudd zur Zeit um Flughafen.)
Flugticket kaafen an fléien - hun soss och gesoot "do wier ech gäer" - heiensdo ass et méi einfach wi ee mengt.
(Oder wann d'Fra am Texas eng Erkenntnis haat di ech net hun, [Bleck op den knaschtegen Auto voll mat Salz] "so did you drive all the way over from Luxembourg?"
Nee, Angscht haat ech do eigentlech keng, di ganzen Zeit wou ech do war hull een Flick just 100m vun mengem Auto weg, an di eenzeg Leit di soss nach do waren (Koppelen) waren mat sech selwer beschäftegt.
Op der anerer Seit (also zu SF zou) war et mer bessen méi ongeheier, do hun ech och bessen méi opgepasst; mee insgesamt ass deen Stadtdeel um 2 auer nuets ganz roueg. (Di méi suspekt Gestallten waren méi Richtung Stadtzentrum.)
Am schlëmmsten Fall wou een mech attackéiert krit en en 3-Kilo Fotoapparat op de Kapp.
uiui, wieklech super technik annatielech scheint motif!
d breck as immenz schaarf an t waaser as su glaat... wieklech scheint foto daat do
wann ech aal genuch hun kaafen ehc ma o en flugtiket
61 Sekonnen ass wann een well eng Beliichtung vun enger Minutt machen an et dréckt een net séier genuch op den Knäpchen fir d'Sperr vun der Fernsteierung rem lass ze machen.
zu daer hei photo brauch ee wierklech nit mie vill ze son. einfach nemmen wonnerbar. has natiirlech och chance mam wierder, matt dem mir, an dass kee fliiger koum, mee egal.. dat do ass perfekt! war et nit besi kaal do?
Menger Erfahrung no (di zwar net esou enorm grouss ass) ass Freijoër an Hierscht souwiesou di besser Zeit zu San Francisco, op jidde Fall waat den Niwwel ugeht - well deen ass jo am Summer am schlëmmsten. Ech si mol schon am Februar oder März am T-Shirt iwert d'Bréck gaang.
Merci. Ech haat virdrun e puer Beliichtungen gemeet mat Aperture Priority f/8 an 15-30 Sekonnen (vun der Kamera gemooss) op ISO 400, duerwéinst hun ech geduecht mat ISO 100 an 1 Minutt misst ech och e gudd Resultat kréien. (No der Logik 15s@ISO 400 = 30s@ISO 200 = 60s@ISO 100.) Also ass meng Äntwert wuel "eng Kombinatioun", dH. fir d'éicht vun der Kamera gemooss, dun empiresch erausfonnt, an schlussendlech Parameteren geännert no gängegen Regelen...
Respekt, ech mengen et gouw schon alles gesoot...
Mee ech fannen net daat'en dei Wellen am Waasser steieren. Et brengt e bessi Beweegung am Bild well soss gesäit een naeicht "leiweges" wäit a breed bis op d'Autoen op der Bréck dei eng Liichtspur hannerloos hunn. Ouni wier et zwar vläit mei "ropper", mee dess huet hieren ganz eegenen Charme .
Super Bild!! Ech hun a Menger Wunning ee Bild ophenken vun déier Breck, an nach vun aaner Brecken (Sydney an New York). Hun esou Fotoen gär. Dëss kéint ee glaad och nach ophenken
't foto as ouni zweifel genial!
ech hun awer een intressanten trailer fonnt vun engem film deen sech bessi amt der bréck befasst.. as bessi traurech, mee ech posten de link mol einfach
Jo, ech mengen ech haat schon vun sou engem Projet héieren. Ass sëcherlech keen Film deen een onbedengt muss gesin (also soën ech mer mol).
Woubei och do d'Leit manipuléiert gin - ech hun zB. iergendwou gelies dass XX Prozent vun den Leit giffen vun der Seit eroofsprangen wou een SF geseit. Daat heiert sech elo melodramatesch un, mee wann een dann weess dass di aner Seit net emmer op ass, respektiv deelweis just fir Veloën op ass, dann kann een déi Statistik ganz anescht interprétéieren.
MEGA !!
wei ech do war, war dauernd niwel... do war et baal onmeiglesch fir eng flott foto vun der breck ze maachen....
herrlech dei doten..kriss eng 10 vun mir