Du hues den "ombre" awer gesinn, an dat, Jaycee, ass méi wéi pur Grafik kucken. Duerch dat "bal net gesinn" entsteet 1 Kontext, mengen ech mol, well de Bam (deen een net gesäit) do matzen am Rondel steet.
En décke Merci, Jaycee.
Keng Ursach Charel, deng Fotoen hun oft é subtilen touch, den ech nët ëmmer matkréien, och wann ech wés dass ën do ass (klëngt iergendwéi kontrovers...)
"kontrovers" ?
Klengt fir mech,
haaptsächlech,
"éierlech".
An dat, Jaycee,
muss een haut
well bal siche goen
fir et ze fannen.
Meng Fotoen kéinten
grad esou gutt
ze vill
sophistiquéiert sinn.
A fotografesch
net gutt genuch.
Mmmh ... Dann muss een un den determinismus glewen, ech sinn mei fir tabula rasa. Me de talent waat ass daat... Cf descartes, l intelligence est une qualite egalement distibuee mais elle se developpe diffetemment. D neurophysiologie seet dass voies preferentielles entweckelt ginn an dofir huelen verschidden lait verschidden weer. Dofir keinst recht hunn. Me fantaisie? Voies preferentielles?
Eis "voies préférentielles" ginn vun esou vill Saachen moduléiert, (an den neuronale Netzwierker) dass et nëmme gutt ka sinn wann den Input maximal ass. Gottseidank sortéiert eis Gehir dann: bei deem engen esou, a bei deem aneren anescht. Wann et awer näischt ze sortéiere géif, Input = 0, da wäre mir all domm drun.
Een programm denste net ze bezuelen huess, den deier (animal) deen mir an ais hunn.
Cannibalismus awer keen senn vun propriete, a moins que mir d memoire universel dobai mussen fuegen, d h genen an seng evolutioun
Uff
D'Zäit ass schwéier virstellbar, well mir an Generatioune rechnen.
Konkret gekuckt ass dës Ausso erstaunlech:
"Mir haut (2011) sinn terribel vill méi no, zäitlech gekuckt, un den Architekten vun de Pyramiden (-3000) wéi déi Ägypter un deene Mënschen sinn, déi an der d'Grotte Chauvet (-30000) di éischt Déiere gemoolt hunn."
Genau... awer Spirituell ... net Intellektuell Charel
Dofir ass et richtesch ze soen dass D'Zivilisatioun sech net mamm puren Materiellen Progrès gemooss soll ginn mé mat der Menschlechkét ...
Definitioun vun Menschlechkét ass elo nés esou eppes... Mé et versteht én och den Genereschen Terme ... einfach Menschlech sinn no waat? awer...
No enger Religioun, no enger Laiescher Moral? No de Gesetzer?
Mir sinn och Mënschlech wann mir och Onmenschlech sinn well mir neischt aneschters kennen ewei nemmen Menschlech sinn... oder?
Also ... Menschlech ass fir mech ganz einfach de Wee dn ais vum Buddha, Jesus, San Franziskus, Martin Luther King, Mutter Theresa, Papa Giovanni Paolo 1 an 2 (den 3 mool kucken?), den Lao Tse... asw asw ... dei Wéer do ginn all ann enger Riichtung... Leiwt... well daat den énzeschen Etat d'âme ass dén d'Endorphinen en masse ausleist ... Also wuel verstaan ... Leiwt mamm groussen A....
"Kompassioun" = Sympathie (am griicheschen Sënn vum Wuert).
Solidariteit ass awer dat Gutt
an dat Schlecht deelen.
"Mir zeien un engem Strack", ...a loosse kee falen.
Jo do hueste daat gutt gesoot. Deriweiert sidariteit net vun der sympathie. Sympathie ass e gefill, solidariteit ass e fakt, an fir e fakt auszefeieren muss een awer e minimum fillen?
Schaffste dass de nach op bass?
Och du, Gennaro,
grad esou wéi ech,
haut nach,
gehéiers zu de "(fräi)-schaffende Läit",
zu deenen déi schaffen, richteg schaffen.
Awer di wéinegst wëllen dat wouer hunn.
Jo frai... ?
Daat ass e grousst Wuert
Frai? Na ja ... Hai ass eng Komesch Situatioun entstaanen.
Wann ech dir se geif opzielen dann geif ech nach muer hai stoen an tippen. An iwermuer haett ech mein Recht verluer am LAzarett erann ze goen .
Et ass eng verstoppten Freihét.
Mir sinn nemmen zu 1700 an dofunnen sinn 50-60% Auslänner. D'Pazeienten ginn manipuleiert, an ais representeen denken wirklech nemmen un sech.
Waat zielen mir dann nach an der Sozieteit? Guer neischt. Mir ginn nie geluewt fir en Extra engagement (me daat ass mir wurscht) me mir ginn stännech ungeloot wann eppes schiif get (daat ass mir guer net wurscht).
Frai? hoffen dass mir dei kleng Freihét net verleieren
NA ja ... Ech haat net frai gescht owend an haut.. permanence an ze dinn. Dofir hunn dn Frai aneschters interpreteiert ... Me immerhin et ass awer net falsch waat ech do geschriwen haat
Merci, Zora.
Kuck awer och wat ech dem Jaycee, an dengem Chef geäntwert hunn. Ech well lo wierklech hei keen opféieren, mais ech souz wéi laang bäi dëser Foto fir de Schiet vun den Äscht sou just nach visibel ze maachen. Am krasse Resumé heescht dat fir mech: wéi kann een e Bam weisen, ouni dass een deen muss gesinn. 1 Challenge wéi een aneren.
Vu que d'ass daat schon an dengem Titel stung, wollt ech awer och ob dei schein aaner Formen hinweisen, an hun mech inspiereieren gelooss vun der Rittersportwerbung, and d'ass der wonnerbar gelongen, well ech hun missten 2mol kukken, also ass daat wats de errechen wollts och gelongen, an hun ech elo genuch geschleimt, nee serieu tiptop
Richteg, Grimmel.
Duerch d'Vignette aus dem Géigestännegem geholl, kann een dës abstrakt kucken, mais dee liichte Schiet vun den Äscht setzt se erëm an den Alldag.
A Merci.
Genau esou ass et, Michèle.
Banal Realitéit kann Konscht ginn
deemno wéi se gesinn, arrangéiert
a gewise gëtt.
Huel e Suedel an e Guidon,
extrem banal Saachen.
A wat huet de Pablo
doraus gemaach ?