Hei nach eng Serie vum Outdoorshooting vun ee Samsteg.
Vu que dass Portraitën nach Néiland fir mech sinn géif ech mech iwer ee bëssen Feedback vun den Portraits an Beautyspezialisten héi um Site fréen, virun allem och bei dëssen:
Merci Luc, effektiv ... mais ech hun am Fong och déi anner geduercht. Wou mengs de dass zevill schaerft ass ? Ech hun ët lo mol nët sou emfonnt, mais villeicht hun ech eppes iwwersinn
Ok, gesinn wat's de mengs ... richteg ech hun bei dem Bild een High Pass driwwer geluecht nom verklengeren (0.5px) , soss naicht an och soss net geschaerft.
Kucken villeicht ee bëssen mei Tranparenz an den HP ze setzen fir dass ët net grad su stark erriwwer kënnt
Merci Luc, duerch esou Sachen leiert een bei an genau dat ass jo den Zweck vun der Saach ... Leider kritt een ëmmer manner konstruktiv Kritik héi um Site
Jo, dat ass eben esou, et sin vill Leit dei sech bei People net kompetent spiiren fir iwerhapt en Koment oof ze gin.
Dann sin vill Leit dei eng construktive Kritik iwerhapt net verdroon an dann patzeg reageieren oder granzeg gin.
An dat dreit dann derzou bei dass dei Leit dei wirklech eppes konstruktives keinten beidron gur neischt mei schreiwen.
Mee dat ass awer net nemmen en Problem hei um Site.
Kann et sin d'ass du net deen eenzeschen wuars, deen do geknipst huet, well Modellen an verschidden Richtungen kucken, waat awer net un dengen Fotoen stéiert, fanben Serie ganz gelongen