définitiv nemmen die Läscht....de Réscht ass gespills....Den Kompromiss ze fannen wéi eng Foto et am Tri packt an wéi se schlussendlech verschafft an geposst gët, gehéiert zum Aldaag vun engem Fotograaf...
Wanns Du zevill Versiounen weiss, dann zwéngs du Eis ze wielen an net méi d'Bild ze kommentéieren....
Mir ass et hei net drëms gaang de Publique ze froen wéi eng him am Beschte gefält, well Ech selwer kee choix konnt treffen.
Mee Ech sinn ëmmer erëm faszinéiert ze entdecken wéi eng Entwëcklungsméiglechkeeten engem haut zur Verfügung stinn a wann Ech Zait hun da reizen Ech dat zu mengem Plaiséier aus (hei waren ët en fin de compte 24 Versiounen) an Ech weisen dann eben d'Resultat.
Wat de Publique domat ufänkt ass him iwwerlooss, an Ech loosse mëch dann iwwerraschen.
Merci fir deng Meenung !
Déi éischt ass flott, mee wanns de schon dermat spillen wëlls hätt ech mol en SW probéiert amplaz dat anert Gespills, dat ass to much. Déi läscht geet vun der Beaarbechtung hier, mee sprécht mech lo net sou un.
Bei dene 24 Versiounen sinn och e puer SW derbai , mee virwaat ëmmer nëmmen daat weisen waat é kennt, heiansdo ass ët méi interessant op d'Glaatais ze goën, quid datt é kann op d'Schnëss faalen.
Do ginn ech der vollkommen Rescht. Hues sécher besser déi hei ze weisen wous de der net sécher dermat bass, wéi déi SW wou ech zimlech iwwerzeegt sinn dat se gutt sinn.