1 sec waer ok, awer eis Jofferen wieren dann och verwescht
and dat wor net gefroot "vum gogo".
Um Bletz wor den Diffuser drop et stemmt ech haet den Bletz missen 15 oder 20 Grad hiewen
d'Grondiddi war de Blëtz um zweeten "Vorhang" ausléisen ze lossen.
Do kann een rouheg eng laang Beliichtung auswiehlen.
Den éischten "Vorhang" geet op an hoellt während enger sekonn d'Luut op, also an desem Fall vum Spill daat sech beweegt, an kuerz iert den zweete "Vorhang" koennt gëtt gebletzt, an alles waat vier ass gëtt an der Bewwegung agefruer.
Et war halt bëssi Stress op der Fouer, an och bëssi haard, an d'Spill huet éiweg laang gebrauch bis et rëm schnell gedréihnt hat etc.. Ech sëlwer hun näischt gebaakt kruut, ech muss wéider testen
Haette mer de Gaga derbäi gehaat hien haett ons éischter op di richteg Spuer bruet Och ech haat ze kuerz agestallt.
Also ech sin keen Expert, mais hun schon vill mat esou Bletzgeschichten gespiltl um 2ten rideau, wann een en Modus Nachtportrait huet, geht et praktesch vum selwen. An der Zeit, laang hier, wei ech nach Jonk a knackeg wor, hun mer esou eis Fotoen an der Disco oder am Pub gemach, 2-3 Sec duerch t'luucht gefummelt an dann probeiert beim Bletz den richtegen Kadrage ze hun ... mais hei wor et menger Mehnung no och nach net deischter genuch... schon bei bloer Stonn hätt een kennen mei laang beliichten fier mei Lucht an t'Bild ze kreien ...