ech verstinn däi Konzept, mee ech ka mech net richteg mat der grousser eideler Fläch viir am Bild of fannen. keng Informatiounen hei am Viirdergronn, an dann awer souvill Detaiiler hannen an de Beem.
Just mäin Androck, ech si gespaant wat anerer dozou soen!
Merci fir den Kommentar, ech verstinn wats de mengs, sin och net 100% mat der Positioun vun den Leit zefridden mee et steiert mech lo net iwwermeisseg.
Merci jorsch! Den Massimo Vitali hun ech virdrun net kannt, hat mech awer e bessen vum Walter Niedermayr senger "The Aspen Series" inspireiere gelooss.
Ech hunn elo d'Biller vum Walter Niedermayr ( hunn ech net kannt ) gekuckt an effektiv, däi Bild passt an deem säi Stil.
Ech denken datt dëst Bild am ganz groussen nach vill besser wierke géif.