D'Foto gefällt, awer fir mech zevill grain bei dëser Zort Bild,.
Däi Standpunkt ass eigentlech gutt, alllerdéngs kënnt ech mir och virstellen, datt et flott wär dem Artist méi Raum ze gin an säin Zeechebried an d'Setzwoo ze bréngen, wat mat sech brénge géif, daat en d'Gefill vum Raum no ënnen (zum Miir) besser kréich.
merci fir de Comment Jean-Jos, et wonnert ee sech wivill grain een 100ASA Diafilm hat, jo beim Dia huet een direkt cadreiert a meeschtens nëmmen 1 Opnam gemeet, aaner Zeiten eben...
Dat hat ech esou nët erkannt, datt et e scan vun engem Dia wär.
Jo, déi Zäit huet ee vill manner fotograféiert a probéiert, wëll et direkt kascht huet.
Durech dem Metalbambi säi Kommentar, mierken ech datt ech mech vläicht schlecht ausgedréckt hat: fir mech ass d'Foto guer nët schief, ech hat mir jhust de Moler virgestallt a méi engem grousse Kontext mat Vue no ënnen vun der Dün erof op d'Miir, awer dofir hätt och däi Standpunkt méi héich misse se sin. Awer et mécht kee Sënn - dat gesin ech elo eréischt an - doriwwer ze diskutéieren, wëlls du jo eppes ganz aneschteres wolls
Vir mech eng mega cool Foto, virun allem duerch den Schied iwwer d'Gesiicht, deen den Moler anonym léisst. Den Grain stéiert menger Meenung no hei och net virun allem well et analog ass.