Nee, nervös war ech net Foto war spontan gemaach gin, guer net geplangt. Ech denken ech haat Blend18 nach vun enger aanerer Scene dran a vergiess meng Astellungen sou séier ze änneren.
Fir de Rescht: Jo ech hun vill un de Regler gedréit, wahrscheinlech zevill. Mee den Original ass immens däischter an ech hun versicht daat Bescht draus ze maachen.
Villmools Merci awer fir däin Kommentar.
Wanns du scho selwer sou kritesch mat dir selwer bass, dann erlaben ech mir just mäi bescheidene Gedanken zu dëser Foto: ech duecht den éischte Moment, dat wier eng k.i.-generéiert Foto.
Awer du, wéi ech mir di Saach mol méi laang ugekucht hun, hun ech fonnt, datt se, trotz, oder grad wéinst den Imperfectiounen, eng flott Foto ass, déi d'Potenzial huet ze gefalen. Si erënnert ee bëssen un dee Fotogrf aus de 70er Joeren, dee "mat enger Nylonsstrëmp iwwert dem Objektiv" séng Models geknipst huet. (Ech weess lo nit, ob s du dat als Frechheet ophëlls, mais dat ass op kee Fall sou gemengt) Ech fannen, deen Effekt Softfilter passt eigentléch gutt bei dat Gesiicht vun der Serveuse. Fazit: net perfekt, mais vläicht grad dowéinst uspriechend.
Villmools Merci fir däin Kommentar Nico. Nee, ech huelen daat natierlech net als Frechheet un, am Géigendeel, ech hun jo no Kritik gefroot. Fréier waren et eben d'Nylonsstrëmp, haut sin et digital Filteren. Woubäi een mat den Filteren kann iwerdreiwen.