Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

..ganz kuerz

 
..ganz kuerz
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.10.2023
  • Gekuckt:
    8507
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    2 sec
  • Blend:
    f 8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x853
  • Späicherplaz:
    663 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=92802]
Kommentar vum Fotograf:
..huet d'Sonn sech nach eng Kéier spéit owes hei am Wallis gewisen, an dee klenge Waasserfall an der Géigeluucht zum strale bruecht
Paul-H 07.10.2023 - 15:24
Fum feinsten, groussen Kino!
marker 07.10.2023 - 20:20
Merci Paul, däi Kommentar freet mech.
Um groussen Ecran hun ech awer leider festgestallt dat d'Bild nom Upload hei net méi richteg schaarf ass.
gemu 08.10.2023 - 08:59
Ech maan de rezising fir op PG mat Irfanview e Gratisprogramm, do kriss du en schéi Schäerft fir den Upload an oft esou guer too much, et ass e Versuch wäerd, leider leeft de Programm net mat apple, ech benotze durfir als appleuser ëmmer en aale Windowscomputer fir en upload op PG
marker 08.10.2023 - 20:26
Fir meng Biller ze schärfen notzen ech meeschtens den Héichpassfilter am Photoshop, waat an der Regel och exzellent klappt.
De Site ass net schold dat d'Bild hei net richteg schaarf ass, de Fehler hun ech selwer gemach, vu dat ech d'Bild mat engem i-Pad exportéiert hun ouni Qualitéit unzepassen.
Schnellegkeet ass meeschtens net déi bescht Optioun unhappy, déi nächste Kéier machen ech dat besser closed_eye

Ech sin ebenfalls Mac-User, awer meng Madamm notzt ee Windows Notebook, do kucken ech mir dat dann emol bei Geleeënheet un. Merci beaucoup Georges fir den intressanten Tip!!
gunman 07.10.2023 - 20:10
schued, dass Du keng Angaben zur Kamera mechs...
marker 07.10.2023 - 20:24
Nikon D4 mat méi enger aaler Lens, Nikkor 24mm f/2 Ai-S
gunman 07.10.2023 - 21:42
ok merci
gemu 08.10.2023 - 09:01
Grandios Opnaam, schléisse mech dem Pol un
marker 08.10.2023 - 20:27
Dat freet mech hei op dëser Plaz ze liesen.
Merci villmools Georges.
tormi 08.10.2023 - 11:55
dei Szene ass jo bombastech awer fier mein Deel ass d'Photo awer e bessi ze vill Vignettéiert. Den Fiels riets ass ze déischter, et huet een den Androck, dass d'Sonn hannert dem Waasserfall gif stoen
marker 08.10.2023 - 20:32
Merci Tom fir däi positive Feedback an deng éierlech Meenung.
D'Vignette hun ech bewosst driwwer geluecht fir de Bléck nach méi op déi d'Liichtzenerie ze leeden. De gtaddei1, dee sech an dem Beräich top auskënnt an déi meescht vu senge Biller extrem vignettéiert huet huet emol gemengt ech misst vill méi mat Vignetten schaffen.
''kuck emol eng Kéier a senger Galerie''
Bon et ass wéi mat Villem, a besonnesch mat 'Flow' vu Waasser, ..eng affaire de goût eben.
Och de Fiels hun ech absichtlech méi donkel gelooss, op mengem 24Zoll Mac gesinn ech nach praktesch all Detail (dee donkelste Punkt weist ëmmerhin nach Dichten vu R:13 / G:14 / B: 7 op)
wuff 08.10.2023 - 15:26
Daat dooten as jo eng ganz speziell Liichtstëmmung gewiirscht ech fannen esou epper ëmmer imens flott. Awer wéi den Tormi schon erwähnt huet kéint den Fiels rechts am Bild en bessen méi hell sinn dass en do en bessen méi Struktur gesäit.
marker 08.10.2023 - 20:34
Tjo, waat soll ech soen, du bas jo och genug an de Bierger ënnerwee an du kënns dat jo, dee ganzen Daag iwwer Sonn mat fadem Himmel a néirens Struktur, an dann Owes gëtt d'Liicht intressant.
Wat den donkle Fiels ugeet, kuck do d'Äntwert beim Tom.
Merci Mike fir däin Avis zum Bild.
Paul-H 09.10.2023 - 00:36
Gratuléieren zur WF.
marker 09.10.2023 - 08:48
Merci Paul, an och fir d'Propose fir mat an d'Ofstëmmung
tormi 09.10.2023 - 05:36
Gratulatioun fier d'WF
marker 09.10.2023 - 08:49
Merci Tom
RippBen 09.10.2023 - 07:01
Gratulation zur WF
marker 09.10.2023 - 08:49
Merci RippBen
Nicon07 09.10.2023 - 13:59
Bravo!
marker 09.10.2023 - 20:12
Merci Nico
Deni 09.10.2023 - 20:01
gratulatioun zur WF
marker 09.10.2023 - 20:13
Merci Deni

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 454 Gäscht online